AccidentKollisioun tëscht 2 Gefierer tëscht Chrëschtnech an dem Mëllerdall

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 7.30 Auer sinn um CR118 2 Autoen net laanschtenee komm. Zwou Persoune goufe blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL

Op der Plaz waren d’Pompjeeën vu Konsdref, d’Ambulanz aus der Fiels, grad ewéi d’Police.

Et koum duerch deen Accident dann och zu Perturbatiounen am Trafic an deem Beräich.

Wéi de CGDIS mellt, gouf géint 15.12 Auer eng Persoun zu Ettelbréck an der Garer Strooss ugestouss a blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO