LëlzKollisioun tëscht 2 Motorrieder, 1 Persoun gouf blesséiert

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg géint 13.45 Auer gouf et op der N27 zu Lëlz op der Bréck eng Kollisioun tëscht zwee Motocyclisten.
© Domingos Oliveira

Op der N27 war e Grupp vun hollännesche Motocyclisten ënnerwee, wéi et zum Accident komm ass. Zwee vun hinne krute sech op der Bréck Lëlz ze paken. Ee vun de Motocycliste gouf géint d’Gelänner geschleidert an ass dobäi um Aarm blesséiert ginn. Hie koum doropshin an d’Spidol. D’Streck huet missen temporär gespaart ginn.

Back to Top
CIM LOGO