
De Staat muss kënnen an Nout- a Katastrophesituatioune via multipel direkt an indirekt Kanäl systematesch warnen, fir souvill wei méiglech Leit, déi sech permanent oder eng Zäit um Lëtzebuerger Territoire ophalen, ze erreechen.
Um indirekte Wee wieren d’Medie wichteg Partner, iwwerdeems um direkte Wee staatlech Appen an änlech Technologien, wichteg Moyene wieren. Sou kann een a graffen Zich en Deel vun de Conclusiounen aus dem Aarbechtsgrupp resuméieren, deen d'Krisen-App Gouv-Alert sollt iwwerschaffen.
An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV schreiwen de Premier an d'Inneministesch, dass d'Aarbecht vun deem Grupp nach amgaang wier.
Et wier awer kloer, dass d’GouvAlert-App am Kader vun engem Gesamtkommunikatiounskonzept duerch weider Systemer wéi de Cell Broadcast oder den SMS zonal erweidert misst ginn.
Den Inneministère hätt zesumme mam Centre des Technologies de l’Information de l’Etat en éischte konkrete Projet ausgeschafft, dee bis Mëtt d'nächst Joer zu enger Reform vum gesamte System vun den Alertë soll féieren, an dann och europäesch kompatibel sinn.