
De Grond sinn 3 Demissiounen aus dem Gemengerot, déi et an de leschte Méint goufen. Dowéinst si Komplementarwalen onëmgänglech.
Ass déck Loft an der Märei? Bei där Fro ginn d'Meenungen auserneen.
De Conseiller Marc Adamy ass aus der Gemeng fortgeplënnert.
De Laurent Berchem nennt dem Wort géintiwwer perséinlech Grënn fir säi Récktrëtt. Hannergrond sollen awer och Onstëmmegkeete am Kader vun engem Aarbechtsgrupp sinn, an deem et ëm d'Parkméiglechkeete geet.
De Lex Altmann nennt RTL géintiwwer och perséinlech Grënn, allerdéngs wiere verschidde Saachen net an der Rei gewiescht an hie wéilt dat net méi nokucken. Eng Kritik, déi sech awer méi un de Schäfferot riicht, ewéi lo speziell un de Buergermeeschter.
An der Gemeng Colmer-Bierg géif villes net klappen, seet eis den CSV-Member Fernand Weiler, dee bei de leschte Walen an der Majorzgemeng net era koum an et elo bei de Komplementarwalen nach emol wësse wëll
D'Gemeng schwëmmt e bëssen am Geld.
... an dat Geld kéim awer net bei de Bierger un. Zum Beispill géing zu Welsdref eng grouss Cité grad gebaut ginn, ma verschidden Infrastrukture géinge feelen.
Do brauche mer onbedéngt eng Vergréisserung vun der Maison Relais, ma mat där gouf bis haut net ugefaangen.
Aner Beispiller wieren déi nei Kiermaschinn déi net erbäi kéim, Baugeneemegungen, déi géinge schleefen oder den ëffentleche Raum, deen net an der Rei gehale géing ginn.
Wann ech ee Joer brauch fir eng banal Fënster ze ersetzen, dat sinn zum Beispill sou Saachen: dat schleeft a schleeft a schleeft.
D'Duerf géing net méi schlecht ausgesi wéi virun de leschte Walen, seet de Buergermeeschter Christian Miny, fir deen d'Gemengenaarbechter hir Aarbecht maachen.
Verschidde Projete géingen effektiv méi laang daueren, mä dat hätt och Grënn:
Fir d'Maison Relais hätt een d'Méiglechkeet gehat selwer e Plang auszeschaffen a bannent engem hallwe Joer, engem Joer e Gebai dohinner ze stellen an de Leit déi dra schaffen ze soen: voilà lo gitt eens dermat. Mir hunn awer decidéiert, dat iwwer méi e participative Prozess ze maachen, fir déi Leit mat anzebannen déi an der Maison Relais an an der Schoul schaffen, fir sou e Gesamtkonzept ze kréien.
An dat géing eben daueren, geschwë géing awer gebaut ginn.
Bei de leschte Wale sinn zwou Equippen ugetrueden an onofhängeg dovunner den haitege Buergermeeschter Christian Miny.
Et hätt een zu Colmer zënterhier gutt zesumme geschafft a vill Projeten unanime oder bal eestëmmeg op de Wee bruecht. Vu Sträit wëll de Christian Miny op alle Fall net schwätzen
Op d'mannst aus menger Siicht net.
Dat ass awer och ni sou kommunizéiert ginn, datt et do Ongereimtheete géinge ginn, tëscht dem Gemengerot an dem Schäfferot, respektiv dem Buergermeeschter.
Rumeuren, datt hien 2023 net méi géing untriede wollt de Christian Miny net confirméieren. Hie géing op alle Fall säin Amt mat Motivatioun ausüben.
Sou wéi ech et den éischten Dag gemaach hu wäert ech et och de leschten Dag nach maachen. Wat elo am Juni/Juli 2023 wäert sinn, dat kann ech elo nach net soen.
D'Komplementarwalen an der Gemeng Colmer wäerte spéitstens Enn November ofgehale ginn.