
Ewell en Donneschdeg kënnt d'zoustänneg Chamberkommissioun beieneen, fir deen Text ënnert d'Lupp ze huelen. Mesuren, déi sécher net wäerte manner streng ginn, wéi et ewell d'lescht Woch de Staatsminister Bettel annoncéiert hat.
Et interesséiert natierlech och a puncto Corona, wéi vill Leit sech trotz engem kompletten Impfschutz mam Virus infizéieren. Dat hat och den CSV-Deputéierte Michel Wolter bei der Gesondheetsministesch via parlamentaresch Fro nogefrot. D'Zuele beleeën, datt komplett geimpft Leit, sech manner ustiechen.
Sou waren et Mëtt August bei 440 Nei-Infektiounen eng 330 Leit, déi net oder net komplett vaccinéiert waren, déi positiv getest goufen. Déi Netgeimpft maachen esou eng 75 Prozent vun de positive Fäll aus. Och fir de Mount virdru louch deen Taux tëscht 76 an 83 Prozent.