Lëtzebuerger HandwierkKonjunktur-Enquête vun der Chambre des Métiers ass net all ze positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Handwierk duerchlieft wéi vill aner Secteuren den Ament eng schwéier Zäit, ënner anerem well d'Käschten explodéiert sinn.
© AFP

D’Suitte vun der Hausse vun de Käschte kéinte Liquiditéits- a Rentabilitéitsproblemer sinn. Dëst bestätegen och d’Resultater vun der Konjunktur-Enquête vun der Chambre des Métiers: D’Indicateure géifen nämlech ënnert dem Niveau vun der Covid-Pandemie leien.

Virun allem d’Käschte sinn de grousse Problem. Esou misst zum Beispill bal duebel esou vill fir Holz bezuelt ginn, wéi Ugangs 2020. D’Betriber kéinten d’Käschten awer net integral un d’Cliente weider ginn, firwat d’Margë méi kleng géife ginn. Op der anerer Säit géifen d’Personalkäschte wéinst dem Index klammen an et géif e Manktem u qualifizéierten Aarbechter ginn. Dowéinst géifen d’Betriber virun nach méi groussen Erausfuerderunge stoen.

Well d’Inflatioun awer undauere wäert, géif ee sech grouss Suerge maachen. Dofir wier et urgent, fir Léisungen ze fannen, déi der Situatioun entgéint wierke géifen. Eng Situatioun, wéi d’Handwierk se zënter 40 Joer net méi kannt hätt, heescht et vun der Handwierkerkummer.

Back to Top
CIM LOGO