
Dat äntwert den zoustännege Minister Serge Wilmes op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. Dës Decisioun wier geholl ginn, well op juristeschem Plang en non-lieu festgehale gouf.
An der sougenannter Affär Superdreckskëscht stounge wéinst der perséinlecher Relatioun tëscht dem fréieren Direkter vun der Ëmweltverwaltung an dem Direkter vum Bedreiwer vun der Superdreckskëscht, dem Oeko-Service Luxembourg S.A, Reprochë vun Interessekonflikter am Raum.