Tëscht Miersch a BiissenKontroll iwwert den Auto verluer an an der Wiss gelant

RTL Lëtzebuerg
Op der Streck tëscht Miersch a Biissen hat ee Chauffer e Mëttwoch den Owend géint 20 Auer d'Kontroll iwwert säi Gefier verluer.
© Klautjen

Den Auto koum an enger Wiss un d'Halen. De Chauffer huet mussen aus dem Won erausgeholl ginn. Hie gouf liicht verwonnt.

Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Biissen an d'Ambulanz vun Ettelbréck. Och d'Police war op der Plaz.

De CGDIS mellt nach ee weideren Accident  géint 17.30 Auer op der RN31 tëscht Beetebuerg a Léiweng. Do hate sech 2 Ween ze pake kritt. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO