
De Ministère recommandéiert och der Fondatioun Léierbud, an där de Science Center aktuell zu Déifferdéng ënnerbruecht ass, de Bail ze kënnegen. Dat sot den Educatiounsminister Claude Meisch, deen den Deputéierte vun der Budgetskontroll- an der Educatiounskommissioun en Donneschdeg de Mëtten Explikatiounen zum Science Center ginn huet. Duerch déi Kënnegunge wéilt ee sech an eng staark Verhandlungspositioun vis-à-vis vun de privatrechtleche Partner vum Science Center an der Firma GGM11 bréngen, esou de Claude Meisch.
Béid Strukture gi vum Geschäftsmann Nicolas Didier kontrolléiert. Den Educatiounsministère hat d’Inspection générale des Finances beoptraagt, en Audit vum Science Center ze maachen, nodeems dem Nicolas Didier säi Interessekonflikt manifest gi war. Den Audit soll bis Ënn Abrëll ofgeschloss sinn.
Lauschtert hei de Podcast iwwert déi ganz Affär ronderëm de Science Center