
Effektiv hat de Laurent Mosar sech an enger éischter Reaktioun zefridde gewisen, dass d'Iddie vun der CSV an den Text mat agefloss wären. An der aktueller Versioun vum Projet sinn him dunn awer Passagen opgefall, déi esou net ofgemaach gewiescht wieren:
“Wat net ka goen, dat ass, dass fir reng administrativ Zwecker, e Polizist emol ka kucke kommen, ob do de Laurent Mosar e Bankekont huet, wat do drop ass, an op deen an de leschte Wochen a Méint do Viremente drop gemaach huet.”
De Laurent Mosar stéiert sech virun allem drun, dass Polizisten fir esou Recherchen emol kee geriichtleche Beschloss bräichten. De Minister Kox par contre wonnert sech. D'Chamberkommissioun wär duerchaus Enn November informéiert gewiescht an a sengen Aen wären et och keng nei Dispositiounen, mä nëmmen e Rappell vun der aktueller Legislatioun:
“Hei ass null Intentioun, iergendengem säi Kont wëlle ze kucken. Mä et ass an engem Kader vun Transparenz, dass mir et dra bruecht hunn. Et ass schonn an engem anere Gesetz dran, a mir halen eis un dat, wat an deem Gesetz steet. Et ass nëmmen, dass dat och bei eis ernimmt ass, am Policegesetz, also am Fichiersgesetz, dass mir och nach Fichieren anerwäerts kucke ginn, an dat awer ënnert de Reegele vun deem Gesetz.”
Bankdaten kontrolléieren, dat wier de Polizisten deemno och an Zukunft nëmmen am Kader vum Anti-Blanchiment an Anti-Terrorismus-Gesetz vum 25. Mäerz 2020 méiglech.
Mä am Gesetzesprojet, wéi en der Press verdeelt gouf, steet effektiv, dass Polizisten, och fir administrativ Zwecker, perséinlech Informatiounen iwwert Bankdaten a Coffre-Forte consultéieren däerfen. D'Referenz op d'Gesetz vum Mäerz 2020 feelt an deem Text.
De Laurent Mosar freet sech dann och, “ob déi zwee Minister deen Text do richteg gelies hunn. Well ech ka mir net virstellen, dass besonnesch eis Justizministesch, déi jo eng grouss Sensibilitéit fir dee Sujet Dateschutz huet, deen doten Text esou konnt duerchgoen loossen.”
D'Police soll och an Zukunft net einfach esou Bankdonnéeë consultéieren däerfen. Wann de Projet an deem Punkt net kloer genuch wär, misst een dat eben nach präziséieren, esou de Minister Kox.
