
D’Infektiounszuele klammen, ëmmer méi Leit falen op der Aarbecht aus. Dass dat komplizéiert ka ginn, gesäit een den Ament am Enseignement. E positive Corona-Test heescht awer net automatesch, dass ee krank ass. Zemools Infektioune mat der Omikron-Variant hunn dacks e méi liichte Verlaf oder sinn asymptomatesch.
Ma obwuel een direkt e Krankeschäin kritt, wann eng Infektioun nogewisen gëtt, muss een dësen awer net onbedéngt huelen. Natierlech muss en Infizéierte sech isoléieren an doheem bleiwen, dat wéinst der héijer Ustiechungsgefor. Trotz Infektioun dierf een awer vun Doheem aus schaffen, do wou Homeoffice méiglech ass. En normale Krankeschäin kann also opgehuewe ginn, wann d’Persoun asymptomatesch ass a sech gutt spiert. Hei soll een dann awer den Employeur an d’CNS informéieren, sou de Ministère fir d’Sécurité Sociale. Op där anerer Säit dierf de Patron awer keen dozou zwéngen, trotz Infektioun ze schaffen.
Ma och wann de Krankeschäi kee Muss ass, dierf d’Isolatioun net opgehuewe ginn. Schaffen trotz Covid, dat geet. Dann awer am Homeoffice a just, wann den Employé domat averstanen ass.