
Nëmmen zwou Wochen nom leschte Covid-Gesetz ginn en Dënschdeg d’Restriktioune via Gesetzesprojet schonn nees an der Chamber adaptéiert - dat fir d'20. Kéier.
De Staatsrot hat jo e Méindeg de Moien e kriteschen Avis zum neien Text guttgeheescht, en Avis, deen op den 4 formellen Oppositiounen ofgeännert gëtt.
Dës Decisioun ass e Méindeg de Mëtteg an der Santéskommissioun gefall, sou datt en Dënschdeg de Moien de Rapport ugeholl gëtt an am Nomëtteg dann exzeptionell d’Chamber beieneekënnt, fir den Text ze stëmmen, deen dann e Mëttwoch a Kraaft trëtt.
De Staatsrot hat sech a sengem Avis gewonnert, datt d'2G-Regele fir verschidde Leit, déi de Booster nach net gesprëtzt kruten, méi labber ginn.
Dës Decisioun géif op kengen neie wëssenschaftlechen Erkenntnesser berouen. Rieds geet vun engem “Richtungswiessel an der Approche vun der Regierung”, deen de Staatsrot nëmme ganz schwéier kann novollzéien.
D’Santésministesch Paulette Lenert sot e Méindeg de Mëtteg virun den Deputéierten, datt ee keng weider Ouverture géif maachen, mee datt ee sech géif der Pandemie-Situatioun upassen.
A sengem Avis plädéiert iwwerdeem de Collège médical dofir, datt d’néideg Schnelltester, fir sech no 6 Deeg aus der Isolatioun eraus ze testen, sollte gratis sinn. Déi nei Mesurë wiere vertrietbar, fir d’kritesch Infrastrukturen net kollabéieren ze loossen, mee domat géif keng Reduktioun vun den Infektiounen erreecht ginn.
Duerch den neien Text gëtt jo ënner anerem d’Dauer vum Isolement vun 10 op 6 Deeg reduzéiert, wann 2 Schnelltester negativ sinn. Dëst hat de Staatsrot als “Blankoscheck” fir Leit bezeechent, déi sech ugestach hunn a sech quasi selwer kënnen aus der Isolatioun fräi testen.
Wéi gesot huet d’Kommissioun e Méindeg allen Observatioune vum Staatsrot Rechnung gedroen, sou datt en Dënschdeg de Gesetzesprojet ka gestëmmt ginn.
U sech sollt dat aktuellt Gesetz bis den 28. Februar lafen, mee gëtt ewell en Dënschdeg punktuell ofgeännert.
Och déi consultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert e puer Punkten an hirem Avis. Ënnert anerem kritiséiert d’CCDH, datt d’Regierung den Ament ze vill Changementer am Covid-Gesetz mécht an d’Leit net richteg opgekläert ginn.