Den Ausseminister Jean Asselborn huet an der Chamber fir déi 13. Kéier seng Deklaratioun iwwert d’Aussen- an Europapolitik vu Lëtzebuerg gehal. "Business ass usual", dorunner kéint ee mat den aktuellen Krisenherden op der Welt an de Problemer, mat deenen ee konfrontéiert ass, net halen. De Minister ass a senger Interventioun op vill verschidde politesch Sujeten agaangen: op d’Europawalen, op den Nationalismus an Europa, op Brexit, op Klimapolitik.
Europa duerf net liichtfankeg op d’Spill gesat ginn. D’Unioun wier mat Ligen , déi iwwert si verbreet gëtt, konfrontéiert, d’Wäerter géifen a Fro gestallt ginn.
Gläichheet a Gerechtegkeet: De Räichtum an Europa soll gerecht verdeelt ginn. De Sozial Dumping muss bekämpft ginn, dofir ass de Grand-Duché fir d’Grënnung vun enger Aarbechtsautoritéit.
D’Optimiséierung vum europäesche Bannemaart wier d’Hausaufgab vun der neier Kommissioun 2019, esou de Jean Asselborn. “Dofir wäerte mir eis aktiv an d’Aarbechten, fir den neie strategeschen Agenda vun der EU fir 2019-2024 abréngen”, huet de Chef-Diplomat gemengt. Et bräicht een och eng staark Handelspolitik. Wat d’Welthandelsorganisatioun ugeet, soll déi moderniséiert ginn, eppes wat d’Lëtzebuerg ënnerstëtzt. Een Handelkrich tëscht Amerika an Europa géif kee Sënn maachen.
Déi britesch Premierministesch Theresa May huet mat der Defaite vum meaningful Vott am Kader vum Brexit, den “Lead an de Verhandlungen an d’Hänn vum Parlament” geluecht, esou de Jean Asselborn. D’Verlängerung iwwert déi déi britesch Parlamentarier sollen decidéieren, kann net d’Objektiv hunn, de Backstop nach ëm komplett op de Leescht ze huelen.
A senger Interventioun ass de Jean Asselborn och op d’Relatioune mat de verschiddene Länner an Zentralasien agaangen. Do zum Beispill mat Afghanistan, wou de Lëtzebuerger Minister déi leschte Woch op Besuch war. Aner Länner op déi de Minister agoung, ware de Jemen, den Irak oder och nach den Iran. Wat Syrien ugeet, wier d’Positioun kloer “Keng Normaliséierung a keng Hëllef fir den Opbau ouni politesche Prozess”. Nach ëmmer géifen déi selwecht Leit un der Spëtzt vum Land sëtzen. Déi selwecht Diktatur, déi zanter Ufank vum Konflikt géint seng eege Populatioun schafft.
Och d’Bild vun der Situatioun am Venezuela, ass een däischtert. Do ass de Jean Asselborn op déi politesch an humanitär Kris agaangen, an huet gemengt, datt Lëtzebuerg d’Aarbecht vun der internationaler Kontaktgrupp ënnerstëtzt. Déi versicht ee friddleche Wee aus der Kris ze fannen.
D’Opléisung vum INF Traité, kritiséiert de Jean Asselborn. Et wiere net nëmmen d’USA a Russland betraff, ma d’Europäer stéingen och an der éischter Rei. Dofir wier et wichteg an de nächste 5 Méint d’Amerikaner an d’Russen nees un een Dësch ze kréien. D’Vertrauen an den international Bezéiungen dierft net verluer goen.
"Mir als Europäer sinn direkt vum Enn vum INF Traité betraff, well eis kollektiv Sécherheet um Spill steet. Dofir musse mir elo, an deene knapp fënnef Méint déi eis nach bleiwe bis den Accord ganz ausser Kraaft ass, alles doru setzen, fir Russland an d’USA zum Dialog ze beweegen. Wat zu Zäite vum kale Krich méiglech war, dat muss och haut méiglech sinn! D’Responsabilitéit läit bei Russland. Moskau muss nees noweisbar den Traité respektéieren."
Um Donneschdeg sinn d’Debatten iwwert dem Chefdiplomat seng Ried an der Chamber. Hei fänkt d’Seance um 14 Auer Mëtteg un.
Wouhi goung et, wouhinner geet et nach?
E Mëttwoch de Mëtteg ass den Ausseminister Jean Asselborn a senger 13ter aussepolitescher Deklaratioun op d’Richtlinne vu Lëtzebuerg agaangen. Pakistan, Iran, Afghanistan, Afrika, Groussregioun... De Lëtzebuerger Chefdiplomat huet den “Tour du Monde” gemaach an ass dobäi ënnert anerem op déi verschidde Krisegebitter agaangen.
Do zum Beispill op Syrien. Do ass nach ëmmer dee selwechte Regimm un der Spëtzt, wéi dee wéi de Krich am Land 2011 ugefaangen huet. Esoulaang et keng politesch Transitioun gëtt, kann d’Land kee Fridde fannen, esou de Jean Asselborn: "De Fait dass de Regimm d’Oppositioun am Blutt erstéckt huet, an a Syrien domat nees eng gewësse Rou agekéiert ass, wann een dat dann esou kann nennen, léisst Stëmmen opkomme fir d’Relatioune mat Syrien erëm ze normaliséieren. Dozou ass d’Lëtzebuerger Positioun, genee wéi déi vun der EU kloer: ouni grondleeënd politesch Reformen an ouni Transitioun wäerte mir eis Relatioune mat Syrien net normaliséieren."
Lëtzebuerg hëlleft de Syrer mat 7,5 Milliounen Euro pro Joer, ee vun de gréissten Engagementer fir de Grand-Duché. Um Thema vun der Migratioun, huet de Jean Asselborn d’Mentalitéit vu verschiddenen europäesche Länner kritiséiert. Europa ass ëmmer méi eng Festung ginn, an de leschten zwee Joer, esou de Chef Diplomat. Et wier normal wëllen ze wëssen, wien an d'EU era kënnt, mä...: "Et ass op där anerer Säit awer net richteg, dass d’EU, am Partenariat mat Afrika virun allem, hiert Engagement bis dato net agehalen huet fir der legaler Migratioun eng Chance ze ginn. Dëst op der Basis vu Quoten, déi vireran fixéiert si fir all EU-Land. Dat wiere keng Millioune Leit, och keng Honnertdausenden am Joer, mee zum Beispill 50.000 déi géifen eng Chance kréien, sech an engem Raum mat 500 Milliounen Awunner ze integréieren. Dat wieren 0,01%."
Brexit dann: Déi britesch Premierministesch Theresa May huet gëschter mat der Defaite vum "meaningful Vote", den Zitat “Lead an de Verhandlungen an d’Hänn vum Parlament” geluecht, esou de Jean Asselborn. D’Verlängerung, iwwert déi déi britesch Parlamentarier muer sollen decidéieren, kann net d’Objektiv hunn de Backstop nach ëm komplett op de Leescht ze huelen.
En Donneschdeg sinn d’Debatten iwwert dem Chefdiplomat seng Ried an der Chamber. Hei fänkt d’Seance um 2 Auer Mëtteg un.
Foreign Minister Asselborn's Annual Foreign Policy Speech to the Chamber of Deputies
Congratulations to Luxembourg Foreign Minister Jean Asselborn for his thorough and comprehensive report regarding world issues, challenges, and paths forward. It reflected his lifetime of experience, depth of knowledge, and appreciation for not only the dynamics at play, but also the players on the world stage. I look forward to studying in more detail his thoughts in the coming days. One point that he made merits emphasis. So, I would extend his remarks to say: “There is no single step that would advance our planet closer to peace and prosperity for all, than the empowerment of all women throughout the world.”
-Ambassador Randy Evans