AliaKritik u geplangter Iwwerwaachung vu Medien-Couverture am Virfeld vun de Walen

RTL Lëtzebuerg
Ongewinnt schaarf Kritik gëtt et vun der onofhängeger audiovisueller Iwwerwaachungsinstanz un engem Gesetzesprojet.
© Shutterstock

De Gesetzprojet soll d’Couverture vun de Medie vu Parteien a Kandidate wärend Walcampagnen encadréieren.

Wéi d’Alia an hirem Avis schreift, géif si als Regulateur net déi néideg Moyene kréien, fir de Prinzip vu Meenungsfräiheet vum politesche Pluralismus och sécherzestellen. Och wier et der Alia duerch de Gesetzesprojet net méiglech, fir d’equilibréiert Presenz vun alle Parteien a Kandidaten an de Medie wärend der Campagne z’iwwerwaachen.

Duerfir froen d’Responsabel vun der Alia d’Auteure vum Gesetzesprojet, hiren Text z’iwwerschaffen an zum Beispill den Iwwerwaachungsperimeter fir all Tëleesstatiounen a Radioschaînë gëllen ze loossen an net nëmmen déi, déi eng Missioun vu Service public hunn.

Da soll och déi genee offiziell Dauer vun der Walperiod definéiert ginn, op déi sech d’Obligatiounen applizéieren.

Eng weider Revendicatioun ass, datt et soll der Alia iwwerlooss sinn, fir eegestänneg d’Reegele vun der Medieniwwerwaachung am Virfeld vu Walen ze definéieren.

Back to Top
CIM LOGO