ChamberkommissiounKritik um Space-Mining, Minister fuerdert "Flexibilitéit bei visionärem Projet"

RTL Lëtzebuerg
Et war eng gedréckte Stëmmung no der Chamberkommissioun en Donneschdeg de Moien. An dat net nëmme bei der Oppositioun.

No annerhallwer Stonn un Diskussioune fillt ee sech awer net verstanen.

Et gouf grouss Kritik un dem concernéierte Budgetsprojet an der Initiative „Space-resources“. Et wier eng vague Industrie, mat Potential, ma wéi kéint ee Vertrauen an eppes opbauen, wann een net e Minimum un Informatioune kritt, no deenen ee freet, esou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar.

"Eis Froe si ganz einfach. Wéi vill Sue ginn a wat fir Projeten? Wat ass do d'nächst Joer an déi Joren dono geplangt. Mir wëlle wëssen, wéi vill Entreprisë ginn et an deem Secteur. A wat fir engen Entreprisen huet de Lëtzebuerger Staat eng Participatioun. Dat ass wierklech net komplizéiert an ass d'Flicht vun der Chamber och déi heite Punkten ze hannerfroen.“

Bei esou engem visionäre Projet misst een extreemst flexibel bleiwen, esou d'Reaktioun vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider. D'Verständnis fir d'Hannerfroe vun all Detail wier do, ma esou präzis Froen ze beäntwerten, wier schwiereg oder quasi onméiglech.

"Wou all Dag nees nei Evenementer, Engagementer, an nei Opportunitéite kommen. Dofir ass et immens schwéier ze soen, mir wäerten elo déi nächst 3 Joer, dann an dann, dat an dat maachen an dat wäert genee déi an déi Retombéeën hunn. Hei ass e Secteur, deen et nach néierens an Europa gëtt. Et ass eppes komplett Neies, dat mir developpéieren. Mir kënnen natierlech soen, mir hunn e Budget vu 40 Milliounen Euro dëst Joer, mee wéi mer déi genee wäerten asetzen a wat d'Retombéeë sinn ass extreemst schwéier ze soen.“

D'Ënnerschreiwe vum Kooperatiounsvertrag tëscht den USA an Lëtzebuerg am Mee géif weider Hürden an der Budgetsplangung opwerfen. Esou wieren nees nei amerikanesch Entreprisen un engem "Op-Lëtzeberg-plënneren“ intresséiert.

Ma dem DP-Deputéierten André Bauler no géif eng besser Kommunikatioun mat der Chamber vill Sträit vum Dësch huelen.

"An dësem Fall denken ech, datt och wann de Secteur zimlech séier evoluéiert, datt mer eis awer sollten Zäit huelen, d'Parlament méi staark mat anzebannen. Da stellen sech och manner Froen.“

Et feelt also un Transparenz.

Lëtzebuerg ass den Ament d'Heemecht vun ongeféier 50 Weltraum-Entreprisen a Recherche-Laboen.

Back to Top
CIM LOGO