Chambre des salariésKritik un de Recommandatioune vun der europäescher Kommissioun

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Pensiounssystem muss reforméiert ginn an de Steiersystem ass weiderhin ze aggressiv.
© RTL-Grafik

Dat sinn zwou vun de Recommandatiounen, déi dem Grand-Duché vun der europäescher Kommissioun gemaach goufen.

Der Chambre des salariés no beschäftege sech dës Recommandatiounen awer net mat de reelle Problemer vum Land. Virun allem géif et um soziale Volet feelen, esou d’Presidentin vun der Chambre des salariés Nora Back. Virun allem well d'Kommissioun 2017 eng Initiativ fir méi sozial Politik, de sougenannte "Socle européen des droits sociaux", an d'Liewe geruff hat.

Den Direkter vun der Chambre des Salariés, Sylvain Hoffmann erkläert: "Fir eis sinn déi Recommandatiounen, déi d'Kommissioun do virschléit u sech eng Enttäuschung, well mir haten eis erwaart, och opgrond vun där Dynamik, déi sollt entstoen duerch d'Kreatioun vum Socle européen des droits sociaux, dass och déi national Recommandatiounen, déi gemaach ginn, méi e sozialen Aspekt kréien. Ma mir stelle fest, dass deem leider guer net esou ass, obwuel mir awer mierken, dass um Niveau vun de sozialen Indicateuren an deene leschte Joren awer staark Verschlechterunge komm sinn. D'Inegalitéiten huelen zou zu Lëtzebuerg. Verschidden Indicateure weisen och Schwieregkeeten um Niveau vun der Qualitéit vun der Aarbecht, wat och e wichtege Bestanddeel ass vum "Socle européen des droits sociaux". Mä d'Kommissioun huet dat leider net opgegraff a bleift u sech do bei hire klassesche Recommandatiounen."

Vill méi wichteg wier d‘Problematik, dass ëmmer méi Leit riskéieren, an d‘Aarmut ze falen, mä dozou seet d‘Kommissioun näischt. D'CSL gëtt hiren Avis zu de Recommandatiounen elo un d‘Regierung weider an hofft, dass déi sech um europäesche Plang fir e méi staarke Fokus op sozial Froen asetzt.

Chambre des salariés - Reportage Maxime Gillen

Et wier een enttäuscht vum Manktem u soziale Mesuren an de Propositioune vun der EU, huet et de Moie bei der Chambre des Salariés geheescht. An dobäi hat d'Kommissioun nach 2017 eng Initiativ fir méi Chancëgläichheet, fair Aarbechtskonditiounen a sozial Protektioun an d'Liewe geruff. Bei der CSL hat ee sech erwaart, dass dat méi Afloss op zukünfteg Recommandatiounen hätt. D'Presidentin vun der CSL, Nora Back: „D'Recommandatioune, déi  haut formuléiert ginn, vis-à-vis vu Lëtzebuerg, huelen absolut guer net Compte vum Socle des droits sociaux, vun deem soziale Pilier an Europa an dat ass ganz bedauerlech.“

Eng vun de wéinege Propositioune mat engem soziale Volet, ass déi vum ze deiere Logement. Allerdéngs wier de Léisungsvirschlag vun der EU, fir et méi einfach ze maachen zu Lëtzebuerg kënnen ze bauen, net besonnesch sënnvoll, esou den Direkter vun der CSL, Sylvain Hoffmann: „Dat léist eiser Meenung no de Problem net. Mir stelle fest, dass déi Präisentwécklung an de leschte Joren a Joerzéngte wesentlech méi héich ass wéi d'Evolutioun vun de Salairen. A mir mengen, dass een do méi incisiv Mesurë misst huelen, och fir dass déi Präisentwécklung ka gestoppt ginn. Well soss kréie mir mengen ech de Problem ni an de Grëff. An dat riskéiert och eng Kéier zu anere Problemer ze féieren, well d'Leit jo awer gäre wëllen hir Wunneng hunn a sech dann och vläicht staark verschëlden. A wann eng Kéier d'Zënse géife klammen, kann dat zu Problemer um finanziellen Niveau féieren, wann d'Leit Problemer kréie fir hir Prêten zeréck ze bezuelen.“

D'Diskussiounen iwwert dës Recommandatioune sollen elo am Sozialdialog gefouert ginn, esou d'Fuerderung vun der CSL. Ma egal wéi, gëtt d'CSL hiren Avis elo un d‘Regierung weider an hofft, dass déi sech an Zukunft um europäesche Plang fir e méi staarke Fokus op sozial Froen asetzt.

Back to Top
CIM LOGO