Déi LénkKritik un den Aussoe vun der Fedil zu enger méiglecher Aarbechtszäitverkierzung

RTL Lëtzebuerg
D'Vertrieder vun der Lëtzebuerger Industrie hätten alt erëm gewisen, dass si net géife verstoen, wat déi reell Defie fir d'Land aktuell wieren.

Et géif wuel u genuch qualifizéiertem Personal feelen, ma d’Patronat hätt zum groussen Deel selwer dozou bäigedroen. Et wier en Ëmdenken an der Wirtschaft néideg. Schliisslech géif et net nëmmen ëm d’Aarbechtsproduktivitéit goen, mä och ëm d’Protektioun vun den natierleche Ressourcen, d’Balance tëscht Famill a Beruff, déi psychesch Belaaschtungen an eng méi fair Opdeelung vun der Aarbecht am Stot tëscht de Partner.

Back to Top
CIM LOGO