
D'Qualitéit vum Waasser wier excellent zu Lëtzebuerg. Ekologesch gesinn, géif et och Sënn maachen. D'Horesca, den Daachverband vun den Hotelieren, Restaurateuren an Cafetiere fillt sech an d'Roll vum Béise katapultéiert.
"Gett et just nach eise Secteur? Kennen d'Leit just nach eise Secteur? Et honoréiert eis, mä d'Fro ass awer berechtegt, well wann ech hei kucken, d'Fro hei stellt sech haaptsächlech ëm Nohaltegkeet, ëm d'Ekologie, ëm manner Offall-Produktioun, wou mer jo alleguerten och matschaffen. Ma eise Secteur, an dat kann ech garantéieren, ass ee vun den ekologeschste Secteuren, deen et iwwerhaapt hei zu Lëtzebuerg gëtt." Kloer Wieder vum Generalsekretär, dem Francois Koepp.
D'Restauratioun zu Lëtzebuerg géif ekologesch schaffen. Et géif alles a grousse Quantitéite kaf a geliwwert ginn. Wéineg Plastik a vill Vidangen, dorënner och d'Waasser, dat an der Gastronomie ugebuede gëtt. Ma d'Demande wär virun allem den Ament net do vun de Clienten, fir esou eng Mesure en Place ze setzen, heescht et vun der Horesca.
D'Demande wier do, heescht et awer vu Refill Lëtzebuerg. Den David Kieffer erkläert: "Datt eis ëmmer méi Leit gefrot hunn, wa mer eise Bidon kënnen opfëllen, firwat kënne mer eis Glieser an de Restauranten net opfëlle loossen? D'Petitioun 1319 huet mëttlerweil 3.800 Ënnerschrëften."
Virun allem géif et net drëms goen, dem Restaurateur Suen aus der Täsch ze zéien oder Profiteur ze spillen.
"Mir hunn och mat Restaurateure geschwat. Se hunn natierlech Angscht, datt se näischt méi verdéngen, mä dofir hu mer spezifesch gesot, datt d'Waasser net muss gratis sinn, well de Restaurateur jo och seng Chargen huet.", esou nach den David Kieffer.
De Liter-Präis vum Waasser vum Krunn wier ongeféier en hallwen Cent. Natierlech hätt de Restaurateur méi Personalkäschten: Spullen an Zerwéieren, mä dat kéint ee jo ausrechnen.
"Do ka jiddweree fir sech rechnen a kucken, wat et kascht. An Éisträich gëtt gesot, et soll wierklech just käschtendeckend sinn. Dat heescht, de Gastronom muss begrënne kënnen, wou déi Käschten hierkommen a firwat een dee Präis freet."
An dorop géif et och erauslafen, wann d'Waasser géif gratis ginn. "Ëmmer méi Länner hunn e Couvert agefouert, esou ewéi an Italien. Da kritt een eng Karaff mat Waasser dohigestallt. Mä do sinn déi Käschten dann am Couvert mat agerechent.", ënnersträicht de François Koepp.
D'Petitioun 1319 leeft nach bis den 30. August um Site vun der Chamber.