Mat groussem Respekt hunn um Méindeg déi offiziell Institutiounen dem Grand-Duc Jean déi lescht Éier erwisen.
Géint 9.30 Auer huet sech de Krautmaart eng éischte Kéier gefëllt, wéi d'Deputéiert aus der Chamber an engem Cortège an de Palais eragoungen. No an no sinn ëmmer méi Blummekränz a Bouqueten néiergeluecht ginn an d'huet net laang gedauert, bis och hannert den Ofspärungen déi éischt Leit stallgehalen hunn. Ma och wann d'Plaz virum Palais sech no an no gefëllt huet, war kee Mucks ze héieren. An de Gesiichter vun den Deputéierte konnt een deelweis liesen, wéi ergraff si waren, nodeems se dem verstuerwene Staatschef déi lescht Éier erwisen haten.
De Mars Di Bartolomeo an den Henri Kox, allebéid Vizepresidente vun der Chamber, sinn kuerz drop agaangen, wat engem a sou engem Moment duerch de Kapp geet:
"Et ass an enger gewëssener Hisiicht e Broch. De Grand-Duc Jean war ëmmer do. Ech ka mech erënneren un déi Zäit, wou seng Mamm d'Land nach geleet huet. Dono war hien eigentlech ëmmer do an dat ass elo net méi de Fall. Et ass e bëssen, wéi wann een en Elterendeel verléiert. An ech hat de Grand-Duc Jean ganz gär.", esou de Mars Di Bartolomeo.
Den Henri Kox sot: "Bei all Stierffall ass et ëmmer e Verloscht an natierlech beim Grand-Duc Jean ass, sou wéi een dat haut erëm an der Press konnt liesen, e grousse Staatsmann, dee Lëtzebuerg verluer huet an dofir ass dat natierlech emouvant. 't ass net üüblech, sech virun engem Sarg ze vernäipen an dofir ass de Respekt ganz grouss gewiescht. Mir konnten dat de Moie ganz éierevoll maachen an doriwwer sinn ech och ganz frou."
No den Deputéierte waren et dunn d'Regierungsmemberen, déi dem verstuerwene Staatschef Äddi soe komm sinn. Ënnert anerem d'Presidentin vum Staatsrot, d'Procureur générale, de Stater Schäfferot an d'Ambassadeuren, déi zu Lëtzebuerg wunnen, si virun der Doudelued vum Grand-Duc defiléiert.
Am Nomëtteg hat dunn de Public eng éischte Kéier d'Geleeënheet, an de Palais ze goen - an Dausende Leit hu vun der Méiglechkeet profitéiert, dem verstuerwene Staatschef nach eemol Äddi ze soen.
Wärend 5 Deeg kënnen d'Leit dem Grand-Duc eng leschte Kéier Äddi soen a sech an e Kondolenzbuch androen. Kameraen a Fotoapparater sinn net zougelooss, och well de Grand-Duc Jean oppen opgeboert ass. Hei déi detailléiert Datumer mat Auerzäiten:
Méindes mëttes vu 14 bis 19 Auer
Dënschdes moies vun 10 bis 12 a mëttes vu 14 bis 19 Auer
Mëttwochs vu moies 10 bis owes 19 Auer
Donneschdes moies tëscht 10 an 12 a mëttes tëscht 14 an 19 Auer
Freides moies tëscht 10 an 12 a mëttes vun 14 bis 16 Auer
Am Palais, am Schlass zu Colmer-Bierg an am Schlass zu Fëschbech kann een e perséinleche Message an eent vun de Kondolenz-Bicher schreiwen. Där leien och nach op ville Gemengen aus.
Hei geet et bei d'Online-Kondolenzbuch op RTL.lu.
Bannent enger Stonn waren e Méindeg de Moien donieft och d'Plaze fir d'Zeremonie e Samschdeg an der Kathedral fir de Public verginn.
Grand-Duc Jean 1921-2019: Iwwerbléck iwwer eis News, Videoen, Fotoen.