
Beim Doudegen handelt et sech wuel ëm e Mann vun ëm déi 70 Joer deen ongeféier 1,68 Meter grouss ass. Wéi e fonnt gouf, hatt hien Flanell-Hiem mat gréngen a bloe Karoen un wéi och e schwaarze Pullover. D’Police geet dovunner aus, datt d’Persoun wéinst gesondheetleche Problemer Schwieregkeeten hat, fir sech ze deplacéieren.
Leit, déi Detailer iwwert d’Persoun hunn, solle sech bei der Police judiciaire um Telephon +352 24 460 2121 oder per mail vum spj.ip-info@police.etat.lu. mellen.