Bei Wanderwee fonntLäich vun Ëlwen identifizéiert als zënter 2015 vermëssten Hollänner

RTL Lëtzebuerg
De 25. Februar huet e Bëschaarbechter zu Ëlwen no bei engem Wanderwee déi stierflech Iwwerreschter vun enger Persoun fonnt.

Eng Autopsie ass ordonnéiert ginn. Vu dass d’Persoun schonns méi laang do loung, hunn zousätzlech DNA-Analyse misse gemaach ginn, fir d’Identitéit vum Affer ze klären.

Et handelt sech ëm en 67 Joer alen hollännesche Staatsbierger, deen zanter dem 21. Februar 2015 vermësst ginn ass.

D’Iwwerpréiwungen hunn erginn, dass keng Unhaltspunkter vu Friemawierkung géife virleien. Dat huet de Parquet eis op Nofro hin confirméiert.

Déi hollännesch Police an déi hollännesch Press hu sech an den leschte Woche mam Fall beschäftegt.

D’Affer hat kee bekannte Lien mat Lëtzebuerg.

Den hollännesche Police-Bulletin

Back to Top
CIM LOGO