
Mir wiele Politiker, déi déi nächst 5 Joer d’Geschécker vum Land leeden, mee déi mussen d’Wäiche stellen, wéi d’Land sech an Zukunft entwéckelt: Klima, Mobilitéit, Ekonomie, déi grouss Themen hänken all zesummen. Wéi eng Äntwerten hunn d’Parteien, wéi mir wunnen, schaffen an eis deplacéiere kënnen, wa mir bis zu iwwer enger Millioun Awunner sinn? Wéi eng Betriber, wéi vill a wéi e Wuesstem braucht Lëtzebuerg? Déi grouss Debatt iwwert d’Landesplanung am Kloertext.
Claude Turmes (déi gréng)
Minister fir Landesplanung
Franz Fayot (LSAP)
Wirtschaftsminister
Michel Malherbe (DP)
Buergermeeschter vu Miersch
Georges Mischo (CSV)
Deputéierten a Buergermeeschter vun Esch
Fernand Kartheiser (adr)
Deputéierten a Gemengeconseiller Käerjeng
Joe Thein (Déi Konservativ)
Nationalpresident
De Kloertext leeft am Prinzip all zweeten Donneschdeg um 20 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg - direkt nom Journal. Op RTL.lu an iwwert d’App streame mir de ganze Programm vun RTL Télé Lëtzebuerg. Dir kënnt de Kloertext also och am Stream suivéieren an dono am Replay an am RTL Play nach eemol kucken oder consultéieren, respektiv kommentéieren.