Elo gouf och déi zweet Blackbox fonnt vum Passagéierzuch, deen de 14. Februar mat engem Gidderzuch zesummegestouss ass, woubäi eng Persoun ëm d'Liewen koum. Dat sot de President vum Landesverband, de Jean-Claude Thümmel e Méinden de Moien am RTL-Interview. Elo wier et wichteg, datt d'Enquête séier viru kënnt. D'Leit wären nervös an wéilte wësse wéi et genee zu dësem Ongléck koum.
E Méinden de Moie war de Jean-Claude Thümmel vum Landesverband den Invité vun der Redaktioun.