Christmas Tour op Stiefesdag à la LLJLandjugend a Jongbauere sinn am Cortège bei Spideeler an Altersheemer gefuer

Monique Kater
D’Landjugend an d’Jongbauere hate sech fir e Samschdeg eng besonnesch Aktioun afale gelooss, fir op hir Lëtzebuerger Produkter opmierksam ze maachen.
Cortège vu Landjugend a Jongbaueren
D’Landjugend an d’Jongbauere hate sech fir e Samschdeg eng besonnesch Aktioun afale gelooss, fir op hir Lëtzebuerger Produkter opmierksam ze maachen.

Wéi erliewen d’Baueren d’Covid-Kris? Hu si Aboussen? Wat fir Léiere soll d’Politik, dem Secteure no, aus dëser Situatioun zéien? Am Kontext vun der "virtueller" Foire Agricole war dëst Joer drop higewise ginn, dass de Konsument, wann en d’Virdeeler vun der regionaler a lokaler Vermaartung gesäit, dann och dorop zréck gräift. Dat war während dem Confinement effektiv de Fall, wier awer, vu Säite vum Client, zimmlech séier nees vergiess ginn, seet de Secteur. D’Landjugend an d’Jongbauere hunn e Samschdeg op hir Lëtzebuerger Produkter opmierksam gemaach – an dat am Kader vun enger Aktioun, déi all deene soll e bësse Freed maachen, déi iwwer d’Chrëschtdeeg a Klinicken, Alters-, a Fleegeheemer liewen a schaffen.

Bauere Cortège op Stiefesdag / Reportage Monique Kater

Deen dee mengt op Stiefesdag wier, no 16 Auer mëttes, esou zimmlech alles gelaf, mat Chrëschtdag, huet definitiv falsch geduecht. Well du koume se zu 150 bis 200 Trakteren a soss Gefierer, déi ee brauch an der Landwirtschaft. D’Landjugend an d’Jongbaueren denken un déi, déi nach méi blöd do sëtze wéi mir, well se guer keng Famill gesinn, entweder well se krank oder an engem Heem sinn, oder well se iwwer Chrëschtdag schaffen a sech ëm genee dës Leit këmmeren. E Fonken Hoffnung fir si, nennt de President vun der Jongbauere Luc Emering dat, wat si maachen. Mat Deko, Luuchten, a Cadeauen um Trakter an an Zesummenaarbecht mat de Mëllechproduzenten an den Naturparken.

“...déi eis mat regionale Produiten ënnerstëtzen, Lëtzebuerger Qualitéitsproduiten, déi mer landeswäit op deenen eenzele Statiounen, dem Staff wäerte mer Corbeillen iwwerreechen, fir hinnen eise Merci auszedrécken. An awer och fir de Leit an d’Gedanken ze bréngen, dass de Liewensmëtteleenzelhandel, dat eenzegt wat op ass, dass se d’Landwirtschaft ënnerstëtzen.”

Am Kloertext: d’Cortègë si géint 16 Auer e Samschdeg vu Colmer-Bierg aus fortgefuer, Richtung Norden, Süden, Osten an Zentrum. Virdru gouf virum Verband e grousse Beemche gerëscht. De Message vun deene Jonken, déi de Choix geholl hunn, an a vun der Landwirtschaft ze liewen, formuléiert de Luc Emering esou ...

“wou mer hei am Land och erlieft hunn, dass déi Hamsterkeef an de Butteker stattfonnt hunn, do ass eng gewëssen Angscht bei de Leit opkomm, do waren d’Bauere fir jiddereen do a ganz vill Leit hu vun deem Service profitéiert, se sinn op d’Häff gefuer, hunn an hiren Dierfer kaf, fir net missen an e grousse Supermarché ze fueren, mee soubal gemierkt gouf, dass d’Produiten am Supermarché trotz den Hamsterkeef ëmmer erëm an de Regaler sinn, huet dat erëm ganz séier ofgeholl.”

Vläicht zitt deen een oder aneren aus dësem Message de Virsaz, an Zukunft méi regional a lokal Liewensmëttel se kafen. D’Jongbaueren an d’Landjugend hunn d’Pub fir sech op Stiefesdag selwer an d’Hand geholl a hunn anengems eppes fir déi aner gemaach.http://jongbaueren.lu/

 

Back to Top
CIM LOGO