President vun der LandwirtschaftskummerLandwirtschaft a Bauere si systemrelevant, sou de Guy Feyder

Tim Morizet
Wéi steet et mat der Lëtzebuerger Selbstversuergung zu Zäite vun enger Kris ewéi déi vum Coronavirus?
Landwirtschaft a Bauere si systemrelevant
Wei steet et mat der Lëtzebuerger Selbstversuergung zu Zäite vun enger Kris ewéi déi vum Coronavirus?

De gréisste Problem bis ewell waren e puer eidel Regaler am Supermarché – an e méi limitéierte Choix, virun allem bei de frësche Liewensmëttel ewéi Uebst a Geméis.

Grond fir de méi limitéierte Choix sinn dacks Rupturë bei Liwwerungen aus dem Ausland. Dëse Besoine vu Lëtzebuerger Säit aus nozekommen, wier awer schwiereg.

De Guy Feyder, President Landwirtschaftskummer:

"Mir hu manner Geméis an Uebst. Et gëtt och ëmmer erëm vun der Politik ervirgehuewen, datt däers méi misst ugebaut ginn. Dat kann een och op Plazen, déi sech dofir eegenen. Topographie muss stëmmen, ma och d'Waasser-Ressourcen. Wann een am Ausland kuckt, wou vill vun eisem Geméis hierkënnt, gesäit ee Strukturen, déi den Ubau och erlaben zu Zäiten, wou et dréchen ass.“

D'Produktioun zu Lëtzebuerg ass knapp um Uebst a Geméis. Produiten ewéi Mëllech a Rëndsfleesch ginn iwwer-produzéiert - dat fir den Export. Ma genau an dëse Secteuren hänkt een den Ament. D'Consommatioun vum Fleesch wier mam Ewechfale vun de Frontalieren an der Restauratioun gefall. Méi uerg wier et nach fir d'Mëllech-Baueren.

"Iwwerall si Grenzen dichtgemaach ginn. Déi normal Handelsrelatiounen tëscht de Länner sinn och gestéiert ginn, sou datt et europawäit e staarken Drock am Mëllechpolver, Mëllechkonzentrat, ewéi och mëttlerweil beim Botter gëtt. D'Präisser sinn am fräie Fall.“

Lëtzebuerg ass a bleift an Zukunft ofhängeg vun auslännesche Liewensmëttelproduzenten. Ma wa vun enger neier, néideger, ekonomescher Denkweis schwätzt, misst och en neie Fokus op déi lokal Landwirtschaft geluecht ginn."Een Element, dat een aus der Krisenzäit muss zeréckbehalen, ass, datt d'Landwirtschaft a Bauere systemrelevant sinn. Well et kann näischt d'Sécherheet vun der Versuergung besser ersetzen ewéi déi lokal Ressourcen an de lokale Know-How.“

D'Versuergung vun Doheem géif d'Populatioun nämlech och weider versécheren.

Back to Top
CIM LOGO