
Wéi et am Communiqué steet, géif déi nei CEO vill Erfarung matbréngen, grad ewéi Qualitéiten am Leadership. Wärend enger Period vu staarker Croissance a wichtegen Transformatioune war d’Laurence Zenner un der Spëtzt vun CFL Cargo.
De viregte CEO Marc Reiffers war am Oktober zejoert fräigestallt ginn, well dee géint de “Code de conduite an den interne Kontrollsystem verstouss hätt”. De Mario Grotz, President vum Creos-Verwaltungsrot, hat den Interim assuréiert.
Claude Seywert, Président du Comité Exécutif, Group CEO
Marc Schroeder, Membre du Comité Exécutif, Group CFO
Erik von Scholz, Membre du Comité Exécutif, CEO Enovos Luxembourg S.A.
Laurence Zenner, Membre du Comité Exécutif, CEO Creos Luxembourg S.A.
Jean-Luc Santinelli, Membre du Comité Exécutif, CEO Teseos Luxembourg S.A.