RTL-InformatiounenLaurent Zeimet wäert fir d'CSV an de Staatsrot goen

Roy Grotz
Aktuell sinn zwee Posten am Staatsrot net besat - zwee Memberen, déi de facto vun der CSV designéiert ginn.
© RTL

Ersat ginn d’Affekotin Martine Lamesch, déi no nëmmen dräi Joer am Staatsrot demissionéiert hat, an de Charles Lampers, deen 11 Joer laang Member an der héijer Institutioun war.

Ee vun de Posten, dee vum Charles Lampers, war virun engem Mount vun der Chamber ausgeschriwwe ginn. Gesicht gouf e Jurist, dee spezialiséiert ass am Gemengen- oder Verwaltungsrecht.

RTL-Informatiounen no wäert den aktuelle Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet neie Member am Staatsrot ginn.

Natierlech muss d’Chamber awer an engem Vott gréng Luucht fir de fréiere CSV-Deputéierte ginn. En Donneschdeg de Moie ginn d’Kandidaturen an der Conférence des Présidents guttgeheescht an den Datum vun der Ofstëmmung an der Plenière gëtt festgeluecht.

Eisen Informatiounen no ginn et nieft der Kandidatur vum Laurent Zeimet nach op d’mannst dräi aner CSV-Memberen, déi sech fir de fräie Posten am Staatsrot gemellt hunn. Wa si hir Kandidatur net zeréckzéien, gëtt de Vott deemno interessant. Wéi gesot dierft de Laurent Zeimet awer d’Course fir de Conseil d’Etat maachen, dat nodeems driwwer spekuléiert gi war, datt hie fir den Ex-Minister Jean-Marie Halsdorf kéint an der Chamber noréckelen. Mä dëse Comeback an de Reie vun der CSV ass net virgesinn.

De fréiere Wort-Journalist Zeimet ass zanter 11 Joer Buergermeeschter zu Beetebuerg an hat als aacht-gewielten op der CSV-Südlëscht op 173 Stëmme bei de leschte Walen de Retour an d’Chamber net gepackt.

Ënner anerem war de 47 Joer ale Politiker siwe Joer laang Generalsekretär vun der CSV an och véier Joer laang Süddeputéierten. D’Poste vum Buergermeeschter an engem Staatsrotmember si matenee compatibel.

Deen anere fräie Posten, dee vum Martine Lamesch, gëtt och mat engem CSV-noe Kandidat besat. Dës Kandidatur muss d’Regierung da guttheeschen, wat u sech just e reng formelle Virgang ass.

Back to Top
CIM LOGO