
De Streik, deen den Éischten an der iwwer 50 Joer aler Geschicht vun der Cargo-Airline ass, kascht pro Stonn a pro Fliger 25.000 Dollar. Der Pilotenassociatioun ALPL no ass zanter e Freideg déi komplett Flott vun der Cargolux betraff an all 26 Maschinne bleiwen um Buedem.
De Streik wär bis ewell e komplette Succès, sot e Freideg de Moien de Paul de Araujo vum LCGB am RTL-Interview virum Siège vun der Cargolux. Et hätt een eng massiv Bedeelegung vum Personal, souwuel bei de Pilote, wéi beim technesche Personal.
Eng 80 bis 100 Mataarbechter vun der Cargolux waren e Freideg de Moien um hallwer 8 scho bei der Zentral versammelt. D’Leit wären determinéiert ze streiken, bis een eng Léisung hätt. De grousse Knackpunkt sinn d’Lounerhéijungen. D’Cargolux-Direktioun hat eng Hausse vu 5 Prozent iwwer 5 Joer schrëftlech confirméiert. D’Gewerkschafte bleiwe bei 6% iwwer 4 Joer.
Et hätt een elo kee weidere Kontakt gehat mat der Direktioun. Déi misst elo op si duer kommen.
D’Leit bei der Cargolux wären och enttäuscht a schockéiert vun der Generaldirektioun, sot nach de Paul de Araujo, datt déi d’Primmen no bausse ginn hätt. Och d’Paie vu Pilote wiere géintiwwer Journaliste genannt ginn. Sou géif e Sozialnäid entstoen. Wat den Direkter zum Beispill als eege Primm krut, géif en net soen.
D’Luxair-Pilote vun der Lëtzebuerger Associatioun vun de Linne-Piloten hu sech en Donneschdeg och solidaresch gewise mat de Salariéeë vun der Cargolux. Och bei der Luxair géif et grouss Problemer ginn. D’ALPL-Vertrieder bei der Luxair hätten decidéiert, am Comité zesummenzekommen.
De Sozialkonflikt bei der Cargolux war natierlech och ee Sujet am Regierungsrot. Just de Mobilitéitsminister François Bausch wollt eppes soen an et war déi erwaarten Äntwert, dass d’Regierung, wéi och schonn an der Vergaangenheet, sech net an ee lafende Sozialkonflikt amëscht. Et wier d’Roll vun der Regierung, ze probéieren, d’Sozialpartner fir Gespréicher beieneen ze kréien. Déi Roll géif d’Regierung och assuméieren, ouni awer aktiv z’intervenéieren.
Op d’Fro, dass et an de Kulissen och schonn bei der Luxair rumouert, do wou de Staat grad wéi bei Cargolux déck am Kapital vertrueden ass, sot de François Bausch, dass hien dat net géif kommentéieren. An engem Sozialkonflikt géifen nu emol “de part et d’autre” Saache gesot ginn, zu deenen hien awer Näischt ze soen hätt.
RTL-News: Sozialkonflikt bei der Cargolux - Streik gëtt ofgeblosen, wann d’Direktioun gewerkschaftlech Fuerderungen erfëllt
RTL-News: Sozialkonflikt - Honnerte Leit virum Sëtz vun der Cargolux, Streik geet e Freideg weider