Société Electrique de l'OurLCGB geet wéinst Aarbechtskonditiounen op d'Barrikaden

Marc Hoscheid
E Freideg um 14 Auer hat den LCGB ee Protestpiquet um Site vun der Société Electrique de l'Our tëscht Stolzebuerg a Veianen organiséiert.

60 bis 70 Persounen, deels Mataarbechter vun der SEO an deels Gewerkschaftsmemberen, ware present. Mat Päifen an Troteren hu si hirem Ierger iwwer Aarbechtskonditioune beim Pompelspäicherwierk, un deem de Staat ronn 40 Prozent vun de Parten hält, Loft gemaach. Si hu virun allem kritiséiert, datt d’Direktioun keen Interessi un engem konstruktive Sozialdialog hätt a léiwer op Drock an Aschüchterung setze géing.

An de leschten dräi Joer hätten dowéinst iwwer 30 Leit de Betrib fräiwëlleg verlooss.

Zwee Betraffener erziele vun Drock a Mobbing

Zwou concernéiert Persounen hunn eis iwwert d’Vermëttlung vum LCGB dovun erzielt, wéi si d’Aarbechtsklima bei der SEO erliewe respektiv erlieft hunn. An dat schéngt alles anescht ewéi gutt ze sinn.

17/12/2022 BAND Betraffener SEO 07h30 (Internet)

Intrigen, Iwwerwaachung, kee Sozialdialog a Mobbing. Dat si Begrëffer, déi bei der Beschreiwung vum Aarbechtsëmfeld am Pompelspäicherwierk Veianen falen. Fir eng Persoun, déi aktuell bei der SEO schafft, ass de Luc Reinig, Direkter vum Site Veianen, haaptresponsabel fir d’Situatioun.

Betraffenen a Member vun der Personaldelegatioun bei der SEO: “Den Direkter huet sech net ënner Kontroll. E gëtt ausfalend, bierelt a gehäit mat Saachen ëm sech. Hien huet esouguer an enger E-Mail zouginn, datt d’Kar am Dreck an eng Mediatioun néideg wär.”

Ma déi Mediatioun hätt net den erhoffte Succès gehat. Ee fréiere Mataarbechter, deen net déi Lëtzebuerger Nationalitéit huet, schwätzt vun engem deels auslännerfeindlechen Aarbechtsëmfeld. Doropshin a wéinst permanentem Drock, hätt hien Depressioune kritt a Selbstmordgedanken entwéckelt. Vun de Virgesetzte wier awer quasi keng Hëllef komm, dat wuel och, well hien enger bestëmmter Opfuerderung net nokomm ass.

E fréiere Salarié bei der SEO: “Den Direkter, d’Personalcheffin an ee Chef de Service wollten, datt ech bestëmmte Leit duerch dat internt Netzwierk ausspionéieren. Ech hu geäntwert, datt ech dat schrëftlech wéilt hunn, soss géing ech et net maachen, well dat natierlech illegal ass.”

Et hätt een him esouguer gedreet, datt hien ni méi eng Aarbecht zu Lëtzebuerg géing fannen, wann hie kënnegen oder eng Gewerkschaft informéiere géing. Och vum OGBL, dee wéi den LCGB an der Personaldelegatioun vertrueden ass, heescht et, datt bei der SEO net alles ronn lafe géing. Ma d’Julie Roden, Zentalsekretärin beim OGBL-Syndikat Déngschtleeschtung an Energie, ënnersträicht, datt de Sozialdialog nach ëmmer funktionéiere géing an hannerfreet d’Roll vum LCGB.

Julie Roden, Zentalsekretärin beim OGBL-Syndikat Déngschtleeschtung an Energie: “Am Fong geholl ass et haaptsächlech eng Affär tëscht dem LCGB, also der LCGB-Delegatioun, an der Direktioun. Virun zwee Joer war et eng LCGB-Delegéiert, déi behaapt huet, datt si gemobbt ginn ass an herno huet sech am Kader vun engem externen an objektiven Audit erausgestallt, datt si am Fong déi aner Leit gemobbt huet.”

An enger Deklaratioun weist sech d’SEO iwwerdeems enttäuscht doriwwer, datt no enger Stellungnam vum Betrib zu den Uschëllegungen an enger Offer fir weider Gespréicher, den LCGB léiwer de Wee vun enger Maniff gewielt huet.

Well si fäerten, datt d’Direktioun vun der SEO géint si virgoe kéint, wëllen déi zwee Mataarbechter anonym bleiwen. Dowéinst goufen hir Aussoe vu Memberen aus der RTL-Ekipp paraphraséiert.

PDF: Communiqué vum LCGB (SEO)

Back to Top
CIM LOGO