
5.000 Milliarden Euro Aktivs ënner Gestioun an eng 300 agreéiert Gestionnaire vun Investment-Fongen - d’Fongen-Industrie ass e Standbeen, ouni dat de Lëtzebuerger Finanzsecteur net bestoe kéint.
An der Chamber gouf en Dënschdeg e Gesetz gestëmmt, datt fënnef aner Gesetzestexter moderniséiert, déi ënner anerem d’Gestioun vun de spezialiséierte FISen oder och den 3.300 OPCe (Organismes de placement collectif) reegelt. Definéiert gëtt zum Beispill, wat als “avertéierten Investisseur” unzegesinn ass.
Natierlech sollen och d’Recetten aus der Fongen-Industrie weider spruddelen. Duerfir gëtt de Kader vun der applizéierter Taxe d’Abonnement sou erweidert, datt och längerfristeg Investissementer drënner falen, wéi zum Beispill Zousazpensiouns-Produkter.
D’DP-Finanzministesch Yuriko Backes sot beim Vott an der Chamber en Dënschdeg, datt mam moderniséierte Fongen-Gesetz dee Secteur substantiell moderniséiert géif - och géif domat eist Land seng Leader-Positioun an deem Secteur weltwäit behalen a consolidéieren.