
Zanter dem 15. Abrëll wunne ronn 2.900 Leit hei am Land an de Strukturen, déi vum Olai geréiert ginn. Dovun hu knapp d'Halschecht de Statut vum BPI*. Dat sinn déi, déi d'Asylrecht schonn zougesprach kruten.
D'Leit an dëse Strukture bezuelen och eng Participatioun. Jee no Akommes an Zesummesetzung vum Stot läit dës Indemnitéit tëscht 450 an 650 Euro de Mount.
Dës Zuele ginn aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vun der ADR, Fernand Kartheiser, ervir.
Den OLAI proposéiert och verschidden Engagementer fir de Fall, wou Leit hir Participatioun net oder méi onreegelméisseg bezuelen. Do gëtt et zum Beispill d'Optioun vum Scholde-Remboursement wou wärend enger gewësser Zäit manner héich Zomme bezuelt ginn an duerno, an Tranchen, d'Schold ofbezuelt gëtt. An extreme Fäll gëtt och op geriichtlech Schrëtter zeréckgegraff.
Bei der spéiderer Wunnengssich soll den Integratiounsparcours weiderhëllefen. Nieft de sëllechen Informatiounen iwwert d'Liewen zu Lëtzebuerg, traitéieren d'Coursë systematesch den Aarbechts-, ewéi Wunnengsmaart am Grand-Duché.
*Bénéficiaire de Protection Internationale