EtüdLeit mat wéineg Akommes hu méi en héije Risk sech mat Covid-19 unzestiechen

Fanny Kinsch
Christophe Hochard
Fraen hu sech méi dacks mam Coronavirus ugestach, sinn awer manner dacks hospitaliséiert ginn a gestuerwe wéi Männer.
Covid-19 an d'socio-ekonomesch Facteuren
Leit mat wéineg Akommes hu méi en héije Risk sech mat Covid-19 unzestiechen.

Persounen a fragille socio-ekonomesche Situatioune sinn disproportionell staark vum Covid-19 betraff. Dat geet aus enger Etüd vun der Santé an Zesummenaarbecht mam Fuerschungsinstitut Liser a mam Statistikamt Statec ervir. Deemno hunn déi Leit, déi manner wéi 25.000 Euro am Joer zur Verfügung hunn, deen héchste Risiko, sech mam Coronavirus unzestiechen an hospitaliséiert ze ginn.

Covid-19 an d’socio-ekonomesch Facteuren / Rep. Fanny Kinsch

Wat d’Leit méi verdéngen, wat se méi geimpft sinn, sech manner ustiechen a manner am Spidol landen. Deemno war de Risiko, fir hospitaliséiert ze ginn, bei deenen, déi manner wéi 25.000 Euro am Joer verdéngen, 1,6 Mol méi héich wéi bei deenen, déi méi wéi 60.000 Euro am Joer verdéngen.

Den Niveau de vie ass domat ee vun den Haaptfacteure wat Covid-19 ugeet, nieft Alter, Geschlecht, awer och Gebuertsland, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Paulette Lenert: “Zum Beispill Awunner gebuer a Portugal, eisem gréissten auslännesch gebuerene Grupp hei am Land, hat e verhältnisméisseg héijen Taux d’infection, ma se hunn awer manner oft schwéier Forme vun der Krankheet entwéckelt, wéi aner Gruppen. Ouni Zweiwel huet bei hinnen op alle Fall den héijen Taux de vaccination, dee mer konnte feststellen, gehollef.”

Leit, déi an engem ex-jugoslawesche Land gebuer goufen dogéint, hu sech iwwerduerchschnëttlech vill mam Coronavirus ugestach, goufen iwwerduerchschnëttlech vill hospitaliséiert a sinn och méi dacks wéinst Covid-19 gestuerwen. Dat kéint een awer net just op en nidderegen Impftaux an dëser Communautéit zréckféieren. Den Accès zu den Informatiounen, ma och eng méi héich Zuel vu Vulnerabilitéite géingen och eng Roll spillen.

Fraen hu sech da méi dacks mam Coronavirus ugestach, sinn awer manner dacks hospitaliséiert gi wéi Männer. Et sinn iwwerdeems duebel esou vill Männer wéinst Covid gestuerwen, wéi Fraen. A wéineg iwwerraschend ass den Haaptfacteur fir e schwéiere Verlaf den Alter.

Et wier wichteg ze verstoen, datt een hei Korrelatioune gesäit, net Kausalitéiten, esou d’Ioana Cristina Salagean vum Statec.

Ioana Cristina Salagean:Déi Ënnerscheeder, jee no facteur socio-économique, déi reflektéieren Differenzen, déi scho par Rapport zur Expositioun vum Virus do sinn. D’Leit hu sech op der Aarbecht ugestach, doheem, an der Schoul, wou si sozial Kontakter haten. D’Adoptioun vun de mesures de prévention war net déi selwecht. Dat konnte mir awer an eisen Donnéeën net studéieren, mee et ass wichteg dat am Kapp ze behalen.”

D’Etüd géing weisen, datt et nach Lacunnen am Gesondheetssystem ginn, déi et gëllt zouzemaachen, sou d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert.

Paulette Lenert:“E wichtege Projet an deem Sënn ass natierlech den Accès universel aux soins de santé. Et ass awer och eng Carte sanitaire, et si Preventiounsmoossnamen, et ass generell d’Promotioun vun der Gesondheet, also net nëmmen d’Bekämpfen an d’Behandele vu Krankheeten, mee am Virfeld d’Promotioun vun engem gesonde Liewensstil.

D’Donnéeë fir d’Etüd goufen tëschent dem 1. Mäerz 2020 an dem 27. Oktober 2021 erhuewen, also virun der Omikron-Variant.

PDF: Fannt hei de komplette Rapport

Back to Top
CIM LOGO