Invité vun der Redaktioun (8. Mäerz) - Taina BofferdingLëtzebuerg ass Musterschüler an der Gläichstellungspolitik

Sascha Georges
E Freideg ass den internationale Fraendag an d'Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer war eis Invitée vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Taina Bofferding
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis donneschdes moies géint 8h10 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Lëtzebuerg geet bei engem Ranking-System vun der Weltbank als eng Zorte Musterschüler ervir, wat d’Gläichstellungspolitik tëscht Mann a Fra ugeet.

Wichteg ass et awer ze kucken, ob déi gesetzlech Kaderen, déi et ginn, och um Terrain ëmgesat ginn. Dat sot d’Taina Bofferding e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Fir d‘Ministesch fir d’Gläichstellung vu Mann a Fra, ass de Weltfraendag vun haut e wichtege Moment, fir un dat ze erënneren, wat alles huet misste geschéien, fir dass een haut do steet, wou een steet. Dass Fraen haut gläich gestallt sinn, war laang keng Selbstverständlechkeet an et hätte vill Leit laang derfir gekämpft.

Der Ministesch ass et wichteg weiderhin Stereotyppen ze bekämpfen. Dat soll virop bei de Jonken an de Schoule geschéien. Eng Etüd an deem Sënn gëtt mat der Uni Lëtzebuerg ausgeschafft.

Enn des Mounts wäert, op Demande vum Taina Bofferding, och eng gréisser Konsultatiounsdebatt an der Chamber sinn, wou den neien Aktiounsplang vum Ministère wäert duerchdiskutéiert ginn.

D’Ministesch huet och net verstoppt, dass et beispillsweis am Sport nach eng Rëtsch Inegalitéiten géif ginn, sief et bei Präisgelder fir Dammen oder wa Fraen wéilte Congé sportif ufroen.

D'Taina Bofferding huet och nach ënnerstrach, datt d'Gläichstellungspolitik, déi an hirem Ministère gemaacht gëtt, béid Geschlechter betrëfft. Also Fraen a Männer.

E Freideg ass den internationale Fraendag an d'Ministesch fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer war eis Invitée vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren

Back to Top
CIM LOGO