
Villes wier gutt gelaf, mä et ginn och eng Rei Recommandatiounen. Lëtzebuerg bräicht e Pandemiesgesetz. De Statut vun den Independante misst op de Leescht geholl ginn, si waren an der éischter Phas vun der Kris e bësse vergiess ginn. De Gesondheetssystem hätt funktionéiert, mä d’Schwächten hätte sech och gewisen. Et ass den Appell un d’Politik, eng koherent Strategie géint de Personalmanktem am nationale Santéssecteur auszeschaffen, d’Regierung misst op EU-Niveau alles ze maachen, fir den europäeschen Bannemaart ze stäerken.
De Wirtschafts- a Sozialrot recommandéiert och nach emol, den Teletravail eenheetlech an no uewe mat den 3 Nopeschlänner ze reegelen.