Wouhi mam Buedem?Lëtzebuerg exportéiert all Dag 12.000 Tonne Buedem an d'Ausland

Roy Grotz
D'Entrepreneure ploe sech all Dag mat der Fro: wouhinner mam Buedem, dee bei Baggeraarbechten op Schantercher ufält?

Well d’deeglech Kapazitéiten op de Lëtzebuerger Buedem-Deponien net duerginn, mussen all Dag och Camionen de Buedem iwwer d’Grenz féieren. Rieds geet vun engen 12.000 Tonne Buedem, déi all Dag, sou ze soen, musse mat honnerte Camionen exportéiert ginn.

Um Beispill vun der Deponie Colmer-Bierg ass ze soen, datt hei all Dag eng 300 Camione kippe kommen, dat heescht, datt dëse Site nach wäert bis zu 3 Joer laang kënnen ugefuer ginn.

Domat widderleet d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring Informatiounen, déi den DP-Deputéierten André Bauler héieren hat, nämlech, datt d’Colmer Deponie d’nächst Joer misst zoumaachen - deem ass also net sou.

D’Land zielt aktuell eng Dosen Deponien, wou Buedem ofgeluede gëtt, déi gréisst Capacitéite ginn et nach an de Karriären zu Brouch an Altwis.

D’Dechargen zu Noutem an Housen ginn iwwerdeem vergréissert, och um Site Rosswénkel beim Scheedgen an zu Déifferdeng kommen nei Deponië bäi - déi awer och net d’Quantitéit vu 36.000 Tonne Buedem wäerten opfänken, déi all Dag ufalen.

Hei déi komplett parlamentaresch Fro mat Äntwert vum zoustännege Minister!

Back to Top
CIM LOGO