Wie liwwert an Zukunft nach?Lëtzebuerg feelt et u Camionschaufferen!

Tim Morizet
Si suergen dofir, datt Päck pünktlech ukommen, d'Regaler am Supermarché voll sinn an et eppes op der Pompel ze tanke gëtt.
Lëtzebuerg feelt et u Camionschaufferen
Si suergen dofir, datt Päck pünktlech ukommen an d’Regaler am Supermarché gefëllt sinn. Trotzdeem klot de Secteur iwwer Personalmangel.

Trotzdeem klot de Secteur iwwer Personalmanktem an d’Situatioun gëtt ëmmer méi schwiereg.
zu Lëtzebuerg feele knapp 10.000 Camionschaufferen. Wann den Image vum Beruff sech net ännert, da gëtt et problematesch fir d’Ekonomie.

Transportentreprise musse Commanden retardéieren oder refuséieren

Aktuell schaffe 7.500 Persounen am Transportsecteur. De Manktem u Camionschaufferen zu Lëtzebuerg dreet, Schätzunge vum Transport-Gruppement no, déi nächst Jore schlëmmer ze ginn.
“Bei all Betrib wäerten op d’mannst eng 25 Chauffere feelen. Et ginn 380 Betriber zu Lëtzebuerg. Da kann ee sech ausrechnen, wéi vill der sou feelen,” esou d’Marianne Welter, d’Presidentin vum Gruppement.

Et kritt een ëmmer méi dacks d’Réckmeldung vu Betriber, datt Liwwerunge retardéiert oder souguer refuséiert musse ginn. Dat wéinst dem Manktem u Chauffere, respektiv wéinst der neier Securité Sociale Reegelung. “Hei kann en däitsche Chauffer zum Beispill méi ewéi 25 Prozent vun senger Zäit net duerch Däitschland fueren, well dee soss do muss abezuelen. Dat heescht mir mussen en zum Beispill an d’Belsch schécken – do versteet en awer d’Sprooch net,” erkläert d’Marianne Welter. D’Resultat: Et kënnt ëmmer méi dacks fir, datt eng Liwwerung muss refuséiert ginn, well kee Chauffer do ass oder deen, deen do ass net ka fueren.

Dobäi spillen d’Suitte vum Krich kaum eng Roll: Personalproblemer wéinst dem Krich an der Ukrain ginn et zu Lëtzebuerg kaum, well hei, anescht ewéi a Polen, kaum ukrainesch Fuerer agestallt sinn.

Den Altersduerchschnëtt vun de Chauffere leit bei 47 Joer

De Mangel u Chauffere wäert déi nächst Joer klammen. Et mussen ëmmer méi grouss Quantitéiten ausgeliwwert ginn – d’Zuel u Chauffere geet awer konstant erof. D’Altersmoyenne vun de Chaufferen zu Lëtzebuerg leit bei 47 Joer. A ganz Europa gi bannent den nächste Joren eng 425.000 Camionschaufferen an d’Pensioun.

Grond fir déi limitéiert Attraktivitéit vum Beruff ass sécherlech och dësem säin Image bestätegt de Michael Rau, Direkter vun enger grousser Transport-Firma. “Et muss een dréngend un den Aarbechtskonditioune vun de Chauffere schaffen. Et muss een der Aarbecht méi Respekt entgéint bréngen an natierlech geet et och ëm d’Bezuelung.”

Vum Held nees zeréck zum “Buhmann”

“Virun 3 Joer wärend dem Peak vun der Pandemie war jidderee frou, datt d’Chaufferen do waren. Et war jidderee frou, datt d’Geschäfter beliwwert goufen. Dat hunn d’Leit awer haut schonn nees vergiess,” bedauert d’Presidentin vum Transport Gruppement. Et wier een nees zeréck op deem Punkt wou d’Camionen op der Strooss just steieren a Kaméidi maachen.
Et wier dréngend un der Zäit, datt de Beruff och méi a besser an de Schoule presentéiert gëtt, esou d’Gerante vun enger bekannter Transportfirma.

Back to Top
CIM LOGO