
18 vun den 31 Nato-Memberstaate ginn dëst Joer 2 % vun hirem PIB fir d’Defense aus. Dat huet de Generalsekretär vun der atlantescher Militärallianz e Mëttwoch am Virfeld vun der Reunioun vun de Verdeedegungsminister en Donneschdeg an e Freideg zu Bréissel gesot. De Jens Stoltenberg huet vu Rekordchiffere geschwat.
2014 gouf d’Zil vun den 2% op engem Sommet festgehalen. Deemools hu just 3 Nato-Staaten d’Objektiv erfëllt, elo dann 18 - dorënner och Däitschland neierdéngs. Lëtzebuerg areecht d’Zil net, mee och Länner wéi Spuenien, d’Tierkei an d’Belsch di sech schwéier op op d’mannst 2% ze kommen. Fir 2024 sollen dem Stoltenberg no trotzdeem viraussiichtlech 354 Milliarden Euro vun de Memberlänner an d’Verdeedegung fléissen:
“Mir maachen also wierklech e Fortschrëtt an d’europäesch Alliéiert gi méi fir d’Defense aus.”
D’Hausse vun de Militärausgabe géif op en Neits verdäitlechen, datt eng Attack op ee vun den NATO-Memberlänner absolut keng Erfollegschancen hätt:
“Mir kënnen de Fridden ni fir selbstverständlech huelen, mee et gëtt keng imminent militäresch Gefor géint iergendee vun den NATO-Alliéierten. D’NATO wäert weider dofir suergen, datt et kee Raum gëtt fir Mëssinterpretatioune vu Moskau, wat eis Preparatioun, eist Engagement an eis Determinatioun ugeet fir eis Alliéiert ze verdeedegen.”
Beim Conseil vun de Verdeedegungsministere wäert et och ëm weider Hëllefe fir d’Ukrain goen. De Jens Stoltenberg huet och do Annoncë gemaach:
Mir wäerten der Ukrain och weider hëllefen, souwuel wat Approvisionnementer ugi wéi och d’Logistik. An d’Alliéiert wäerte weider grouss Liwwerunge vu Waffen, Equipementer a Munitioun maachen.
De Support vun der NATO géif eng Differenz am Krich maachen an et wier en Investissement an eis eege Sécherheet, huet de Generalsekretär nach betount.
Bei den europäesche Länner schneit Lëtzebuerg am schlechtsten of a kënnt op déi lescht Plaz. De Groussdeel vun de 27 EU-Länner gëtt tëscht 1% an 2% vum PIB fir d’Militär aus. Véier EU-Länner, dorënner eben och Lëtzebuerg, hunn 2022 manner wéi 1% vum PIB fir d’Verdeedegung ausginn. Déi aner dräi, Malta, Irland an Éisträich sinn allerdéngs keng Membere vun der NATO.
Mat der neier Regierung huet de Premier Luc Frieden am Dezember d’lescht Joer awer annoncéiert, datt “e Plang opgestallt gëtt, fir d’Verdeedegungsefforte vum Land bannent der Unioun z’erhéijen”. An deem Kontext gouf am Koalitiounsvertrag festgehalen, datt Lëtzebuerg envisagéiert, bis 2028 1% vum PIB fir d’Verdeedegung auszeginn. “D’Zil vun der lëtzebuergescher Verdeedegung ass et, mëttelfristeg d’Verdeedegungsefforten op zwee Prozent vum PIB z’erhéijen, an zwar am Aklang mat der Deliberatioun vum NATO-Sommet zu Vilnius am Juli 2023.”
Beim Sommet zu Vilnius war allerdéngs scho fir Lëtzebuerg eng Ausnam festgehale ginn. Fir de Grand-Duché sollt nämlech den RNB (revenu national brut) amplaz vum PIB (produit intérieur brut) consideréiert ginn.
Am Juli dëst Joer ass e weideren NATO-Sommet virgesinn, bei deem d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes d’Detailer vun der neier lëtzebuergescher Verdeedegungspolitik virstelle wäert.