Gesetzprojet ugehollLëtzebuerg gëtt sech e Jugendstrofgesetz

RTL Lëtzebuerg
Mat deem Gesetzestext gëtt reglementéiert, ënnert wéi enge Konditioune Jonker, respektiv och Mannerjäreger sech penal musse fir Strofdote veräntwerten.
© AFP-Archiv/Ina Fassbender

Ewell d’lescht Joer sollt deen Text virleien. E Mëttwoch de Moien huet d’Regierung de Gesetzesprojet ugeholl, deen elo och deponéiert gëtt an dann op den Instanzewee geet. Sou gëtt an deem Text e minimalen Alter agefouert, mat deem ee stroffälleg gëtt an de Prinzip vun der Diversioun soll zum Droe kommen, andeems e Jonke mat senge Strofdote konfrontéiert an no enger ugepasster Léisung gesicht gëtt.

D’nächst Woch presentéieren d’zoustänneg Ministere fir d’Educatioun a Justiz dat neit Jugendstrofgesetz. Parallel dozou komme jo och d’Kannerrechter als Grondrecht an den neie Verfassungstext an et gëtt en neien Gesetzestext iwwert d’Protectioun vu Kanner a Jonken.

PDF: Aarbechten aus dem Regierungsrot

Back to Top
CIM LOGO