FamilljenzesummeféierungLëtzebuerg gewënnt u Popularitéit bei Auslänner

Fanny Kinsch
Zanter 2015 kruten zu Lëtzebuerg knapp 8.000 Persounen aus Drëttstaaten eng Openthaltsgeneemegung, well e Familljemember schonn hei war.

An deene meeschte Fäll huet dëst Familljemember zu Lëtzebuerg geschafft. 2015 sinn esou 926 Leit op Lëtzebuerg komm, 2018 waren et der 1.404.

D'Zuel vu Regruppementer vu Familljen, déi zu Lëtzebuerg eng international Protektioun kruten, ass an de leschte fënnef Joer och geklommen. 2015 sinn iwwert dëse Wee 59 Persounen op Lëtzebuerg komm, 2018 waren et der 423.

Déi meescht vertrueden Nationalitéite waren Inder, Chinesen an Amerikaner, dovu ronn zwee Drëttel Fraen an een Drëttel Männer. Dës Chifferen nennt den Immigratiounsminister Jean Asselborn an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser.

Doraus geet iwwerdeems ervir, datt d'Persoune selwer fir d'Käschte vun der Familljenzesummeféierung mussen opkommen. Den ADR-Deputéierten hat och e puer Froen iwwert de "Regroupement familial" am Fall vun engem Bestietnis mat engem Mannerjäregem an am Fall vu Polygamie gestallt. Hei präziséiert den Immigratiounsminister engersäits, datt d'Immigratiounsgesetz e Regruppement bei mannerjärege Conjointen ausschléisst, a verweist anerersäits op eng parlamentaresch Fro aus dem Joer 2016, an där scho präziséiert gouf, datt eng Persoun net méi wéi ee Conjoint kann nokomme loossen.

PDF: Äntwert op parlamentaresch Fro vum Fernand Kartheiser

Back to Top
CIM LOGO