Iwwert dem europäeschen ZilLëtzebuerg huet 26,3 % Gas gespuert

RTL Lëtzebuerg
Den Energieministère huet en Dënschdeg matgedeelt, datt Lëtzebuerg mat eppes méi wéi 26 % däitlech iwwert dem europäesche Spuerzil vu 15 % läit.

De leschte Mount gouf par rapport zu der Referenzperiod 2017 bis 2022 20,5 % manner Gas am Grand-Duché verbraucht. Beim Elektreschen dogéint fält de Spuereffort däitlech méi kleng aus. Hei gouf am Mäerz 4 % manner verbraucht.

D’europäesch Energieministeren hu sech d’lescht Woch drop gëeenegt, fir d’Consommatioun vum Gas nach ëm ee weidert Joer bis Enn Mäerz d’nächst Joer ëm 15 % ze drécken.

D'Presentatioun vun de Chiffere vum Energieministère.

Back to Top
CIM LOGO