GläichberechtegungLëtzebuerg huet am OECD-Vergläich en niddregen Gender-Pay-Gap

Sarah Cames
Och am Joer 2021 gi Fraen zum Deel nach vill méi schlecht bezuelt wéi Männer. Zu Lëtzebuerg schmëlzt den Ënnerscheed tëscht de Geschlechter allerdéngs.
Zumindest zu Lëtzebuerg gëtt den Gender-Pay-Gap ëmmer méi kleng.
Zumindest zu Lëtzebuerg gëtt den Gender-Pay-Gap ëmmer méi kleng.
© Envato

Am Verglach zu aneren OECD-Länner ass déi sougenannten "Gender-Pay-Gap", den Ënnerscheed tëscht de Paie bei Männer a Fraen, zu Lëtzebuerg verhältnisméisseg kleng. D'OECD huet am Kader vum "International Equal Pay Day" de Samschdeg d'Date vun de verschiddene Länner gesammelt an op Twitter an enger Grafik publizéiert.

Am Ranking vun den 38 OECD-Länner läit Lëtzebuerg op der 34. Plaz mat engem Prozentsaz vu 4,1. Am geréngste fält d'Gender-Pay-Gap a Costa Rica aus, wou d'Fraen am Schnëtt genau esou vill verdéngen, wéi d'Männer. Am schlechtste verdéngen d'Fraen am Verglach zu de Männer a Südkorea: Hei läit d'Gender-Pay-Gap bei ganzen 32,5 Prozent. Am OECD-Schnëtt verdénge Frae ronn 12,3 Prozent manner wéi Männer.

D'Ministesch fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer Taina Bofferding huet de Freideg an engem Schreiwes zum "International Equal Pay Day" gesot, Gläichberechtegung tëscht Fraen a Männer um Niveau vun de Salairen wier eng offensichtlech Necessitéit, déi och an de lëtzebuergesche Gesetzestexter verankert ass.

Obwuel Lëtzebuerg am EU-Verglach gutt do steet, géinge Männer zu Lëtzebuerg am Schnëtt ronn 67.675 Euro verdéngen, wärend Frae rezenten Zuele vun der Statec no just op 62.829 Euro kommen. An de vergaangene Jore wier d'Gender-Pay-Gap zu Lëtzebuerg ëmmer weider zeréckgaangen, elo géing e bei ronn 1,6 Prozent leien, esou d'Ministesch.

Fir weider géint den Gender-Pay-Gap virzegoen, huet de Ministère fir d'Gläichstellung tëscht Fraen a Männer de Programm Actions positives agefouert, bei deem Salariéen eng Auto-Evaluatioun vun hirer Paie maache kënnen.

Back to Top
CIM LOGO