
D'Zil vun engem deementspriechende Gesetzprojet ass et, den Awunner aus dem Grand-Duché an sou engem Fall eng beschtméiglechst juristesch Sécherheet ze garantéieren. Bis ewell huet Lëtzebuerg nach kee legale Kader, sollt et zu engem Accident an enger Atomzentral kommen oder wärend dem Transport vun nuklearem Material.
An der parlamentarescher Ëmweltkommissioun huet déi zoustänneg Ministesch Carole Dieschbourg e Mëttwoch kloer gemaach, dass am Gesetzprojet déi reell finanziell Risiken, déi domat verbonne sinn, däitlech ervirgehuewe ginn. Et war d'Informatioun vun der Ëmweltministesch, dass am Virfeld eng juristesch Etüd gemaach gouf. D'Deputéiert hunn drop higewisen, dass ee vun der Geleeënheet sollt profitéieren, fir an der Lëtzebuerger Jurisprudenz d'Notioun vum "Recours collectif" virzegesinn. Sou ee Schrëtt géif et enger grousser Unzuel vun Affer erméiglechen sech zesummenzedoen a viru Geriicht, am Fall vun engem nuklearen Accident, géint dee selwechten Exploitant virzegoen.
Den Deputéierte vun déi gréng, den Henri Kox, gouf als Rapporter vum Gesetzprojet nominéiert.