Äntwert op parlamentaresch FroLëtzebuerg huet genuch Bluttkonserven op Stock

RTL Lëtzebuerg
Aktuell si genuch Bluttkonserven op Stock, engersäits well d’Vakanz eriwwer ass an anerersäits duerch den Appell vum Roude Kräiz, fir Blutt ze spenden.
© RTL Archivbild

Dat äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op eng parlamentaresch Fro vun der CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.

D'Gestioun vum Stock vun de Bluttkonserven ënnerläit de Responsabele vum Transfusiounszenter vum Roude Kräiz. Eng vun hire Missioune géing  dodra bestoen, d' Autosuffisance vum Land am Beräich vun de Bluttkonserven ze garantéieren, wat de Moment de Fall wier.

Duerch geziilte Campagnë géif weiderhi probéiert ginn, fir nei Bluttspender ze fannen, haaptsächlech jonk Leit.

Back to Top
CIM LOGO