Overshoot DayLëtzebuerg huet seng natierlech Ressourcë fir 2024 schonn opgebraucht

RTL Lëtzebuerg
Den 20. Februar ass de Lëtzebuerger Overshoot Day fir d'Joer 2024.

An anere Wieder: An den éischte grad emol 51 Deeg vum Joer hu mer hei am Land alleguer eis natierlech Ressourcen opgebraucht, déi u sech hätte misste fir e ganzt Joer duergoen. Domadder si mir am Grand-Duché traureg EU-Spëtzt a weltwäit läit just de Qatar virun eis, dee schonn den 11. Februar den Overshoot Day hat.

Haaptverantwortlech ass de villen Trafic op eise Stroossen, den héijen Energieverbrauch, baséiert natierlech haaptsächlech weider op fossille Brennstoffer, an eng Ernärung, déi ze staark op Fleeschkonsum baséiert.

Trotz allem hu mer eis awer verbessert, well zejoert war eisen Overshoot Day souguer nach eng Woch méi fréi.

Géif awer all Land op deem Standard liewe wéi mir, bréichte mer iwwer siwe Planéiten, fir eis Ressourcen ze decken. Am längste mat senge Ressource kommen iwwregens den Irak (bis de 15. November) an Ecuador an Indonesien (béid bis de 24. November). Kee Land op der Welt awer packt et, fir e ganz Joer mat sengen natierleche Ressourcen auszekommen.

En Dënschdeg de Moie war eis Journalistin Anne Wolff wéinst dem Overshoot Day beim Nohaltegkeetsrot an huet do nogefrot, wat hirer Meenung no d’Ursaache sinn, datt mir am Grand-Duché eis Ressourcen esou fréi opbrauchen. Ma och, wat si fir Pisten hunn, fir den ökologesche Foussofdrock hei am Land méi kleng ze maachen.

Nohaltegkeetsrot iwwer Overshoot Day / Reportage Anne Wolff

Fir de Romain Poulles, President vum Nohaltegkeetsrot, ass et kloer, datt Lëtzebuerg net bis an d’Onendlecht ka wuessen. Wuesstem hätt nämlech och ëmmer eppes mat Ressourcëverbrauch ze dinn. Dat géif awer och net bedeiten, datt een den aktuelle Wuelstand misst zeréckschrauwen, mä et bräicht een einfach eng perfekt Kreeslafwirtschaft. Ma hei wiere mir zu Lëtzebuerg aktuell nach an de Kannerschong. An och d’Finanzplaz misst u sech schaffen, fir da wierklech gréng Finanzproduiten ze hunn, déi mer exklusiv vu Lëtzebuerg aus exportéieren.

Net Zeréckschrauwen heescht awer och net, datt een näischt verännere muss. Dem Romain Poulles no komme mir net dolaanscht, datt de Pensiounssystem am Land ugepasst gëtt. Well mam aktuelle System bräicht een Héichrechnungen no bis d’Joer 2070 1,7 Millioune Leit, déi hei am Land schaffen a kotiséieren. Domadder misst d’Awunnerzuel, jee nom Stand vun de Frontalieren, bei 2 bis 2,7 Millioune Leit leien an a 50 Joer esouguer bei ronn 3 Milliounen. Den aktuelle Pensiounsmodell zu Lëtzebuerg ass, esou de President vum Nohaltegkeetsrot, dohier net nohalteg. Hie plädéiert dofir, fir e komplett neie Modell hei am Land, well just all Joer kleng Upassungen ze maachen, géif net duergoen.

Back to Top
CIM LOGO