Den nationalsozialistesche Mord u ronn 6 Milliounen europäesche Judden däerf net vergiess ginn.
Den Diplomat Georges Santer leet d'Presidence vun der International Holocaust Rememberance Alliance. Hien huet de Méindeg de Moien den Deputéierten aus der parlamentarescher Aussekommissioun d'Detailer presentéiert.
Et wéilt een eppes Nohalteges am Bewosstsinn bewierken an dofir hätt een e ganz dynamesche Kulturprogramm opgesat, dat mat ville Partenairen.
De portugiseschen Diplomat Aristides de Sousa Mendes soll besonnesch zu Éiere kommen. Hien huet am zweete Weltkrich dausende Mënsche virun den Nazie gerett. Hien huet och Membere vun der groussherzoglecher Famill gehollef.
D'Lëtzebuerger Presidence schreift sech an, an eng Zäit, an där den Antisemitismus nees wiisst, bedauert de Georges Santer. D'Erausfuerderunge sinn deemno grouss.
Weider Detailer ginn et am Laf vum Dag.