Klimawandel Index 2022Lëtzebuerg Klassebeschte bei Klimapolitik, trotz héijen Emissiounen

RTL Lëtzebuerg
Am Climate Change Performance Index beleet Lëtzebuerg déi 18. vu 64 Plazen an ass domat ëm 3 Plaze geklommen.
© AFP Archiv

Den Index bewäert 63 Länner souwéi d'EU no hirer Leeschtung a véier verschidde Kategorien. Dorënner d'Klimapolitik, d'Energienotzung, d'Zäregasemissiounen an erneierbar Energien.

Lëtzebuerg huet zwar an deene leschten dräi Kategorie schlecht ofgeschnidden, wat virun allem op déi héich Nofro u Bensinn zréckzeféieren ass. Wat d'Klimapolitik ubelaangt, schneit Lëtzebuerg vun alle Länner am Beschten of. Dat ënnersträicht d'Bereetschaft vum Land, d'Probleemer op progressiv an éiergäizeg Weis unzegoen. D'Auteure vum Index sinn awer der Meenung, datt déi vun der Regierung decidéiert Mesuren, wa se wierksam sinn, och déi dräi aner Kategorie verbessere wäerten.

Well kee Land gutt genuch ofgeschnidden huet, ginn déi éischt dräi Plazen net besat. Dat géing weisen, datt de Progrès bei de Klimaschutzaktivitéite weltwäit net genuch viru geet. Souguer déi dräi Länner un der Spëtzt vun der Lëscht, Dänemark, Schweden an Norwegen hätten dëst Joer net genuch geleescht, fir déi am Paräisser Ofkommes bestëmmte Ziler z'erreechen, fir déi global Erwiermung ënnert 1,5 Grad ze halen.

Klickt hei fir déi komplett Ranglëscht vum Climate Change Performance Index 2022.

Back to Top
CIM LOGO