Dr SchockmelLëtzebuerg muss sech op kuerz awer hefteg Omikron-Well astellen

Pit Everling
Well eventuell ganz vill Leit mateneen ausfalen, sollte verschidde Mesuren awer iwwerduecht ginn, ënner anerem d'Dauer vun der Isolatioun.
Kuerz awer hefteg Omikron-Well
Mir mussen eis op eng hefteg Omikron-Well astellen, déi awer vläicht kuerz ass. Dat seet den Infektiolog Dr Gérard Schockmel am RTL-Interview.

Dr Schockmel iwwer Omikron-Well / vum Pit Everling

Mir mussen eis op eng hefteg Omikron-Well astellen, déi awer vläicht kuerz ass. Dat seet den Infektiolog Dr Gérard Schockmel am RTL-Interview. Wéi geet et weider elo déi nächst Wochen a Méint? Déi Fro hu mer dem Infektiolog Dr Gérard Schockmel gestallt.

E Problem wieren déi Persounen, déi net geheelt oder geimpft sinn. Déi wieren net geschützt an da wäerte wuel deemnächst ganz vill Leit mateneen ausfalen, wat zu Personal-Problemer a verschiddene Secteure kéint féieren. Verschidde Mesurë mussen dofir hannerfrot ginn, sou den Dokter Schockmel, ënner anerem déi vun der Dauer vun der Isolatioun.

10 Deeg ass laang, firwat net nom 5. a 6. Dag mat Schnelltester kucke wou een drun ass, freet sech de Medezinner.

Omikron ass wéi et ausgesäit manner virulent wéi Delta, sou den Dr Schockmel. Allgemeng wiere mer an enger ëmmer besserer Situatioun, wat de Kampf géint de Virus ugeet. E wichtegt Element kéint do d’Medikament Paxlovid vu Pfizer ginn. Et kéint een et als Pëll huelen an et géing formidabel wierken. Am Ufank wäerte mer awer net genuch Paxlovid hunn an et muss een och kucken, wéi et mat anere Medikamenter ze kombinéieren ass, sou den Infektiolog aus de Schuman-Spideeler.

De Vaccin vun Novavax wier interessant. E wier praktesch fir Dokteschpraxen, well en net sou opwänneg gekillt misst ginn. Leider géing en net grad sou gutt géint Omikron wierken. Allgemeng wieren d’RNA-Vaccine wierksam géint Omikron, zemools nom Booster. Dofir wier et elo net sécher, ob een onbedéngt nei Vaccine bräicht.

D’Zäit ass da räif fir eng Impfflicht vun 18 Joer un, seet den Infektiolog vun de Schumann-Spideeler.
Fir sou eng Mesure géing et entretemps e breede gesellschaftleche Konsens ginn, souwuel bei den Experte wéi och bei de Bierger.

Schnelltester sinn nach ëmmer sënnvoll, et sollt ee se en awer ëmmer kuerz virdru maachen, iert een iergendwou geet, sou nach den Dr Schockmel.

Back to Top
CIM LOGO