Reaktiounen op Asyl-a MigratiounspaktLëtzebuerg wier méi restriktiv, wéi d'EU-Texter et virginn

Céline Eischen
E Mëttwoch huet den Inneminister Léon Gloden de Projet de loi presentéiert, fir den europäeschen Asyl-a Migratiounspakt an déi national Gesetzgebung ze integréieren.
© Céine Eischen

All Land huet ee gewëssene Spillraum, wéi déi europäesch Reegelen ëmzesetze sinn, wéi reagéieren d’Oppositioun an d’Acteure vum Terrain op d’Propose vun der Regierung?

No der zoustänneger Kommissiounssëtzung e Mëttwoch huet de Gréngen Deputéierte Meris Sehovic ze bedenke ginn, datt Lëtzebuerg a ville Punkte méi wäit géif goen, wéi dat vun der EU virgi wier:
“D’Regierung huet a ganz ganz ville Punkte Choixe geholl, déi méi restriktiv si wéi dat, wat déi Europäesch Unioun eigentlech virausgesat hätt. Domadder begëtt sech de Minister Gloden e bëssen an e Wettlaf da warscheinlech mat sengem Kolleeg an Däitschland, mam Här Dobrindt, wien dann elo dee gréissere Sheriff ass, wann et am Ëmgang mat Flüchtlinge geet.

Besonnesch kritesch geséich hien hei, datt onbegleete Mineuren, zwar ënner strenge Konditiounen, an ee Centre de rétention kéinte geschéckt ginn. Och am Kader vum geplangte Screening-Prozess, deen agefouert gëtt, fir d’Delaien ze verkierzen, géif een iwwert dat eraus goen, wat um EU-Plang festgehale gi wier: Amplaz, datt d’Asyl-Demandeure bannent der Screening-Prozedur fir d’Autoritéiten disponibel bleiwen, géif Lëtzebuerg déi concernéiert Persounen an deenen Deeg ganz am Screening-Zenter halen an domat op de Wee vun enger Detentioun goen.

De Claude Hagen vun der LSAP huet déi geplangte Screening Prozedur ënnerstëtzt, ma et stéinge nach vill Froen op:
“Ech verstinn och, datt een ee Screening soll maachen, deen d’Prozedur herno acceleréiert, do si mer beim Minister, mee dee Screening kann awer net gebraucht ginn an do stelle sech nach vill Froe par rapport zu deene Leit, déi dann illegal an d’Land kommen, déi eng Demande dann herno maachen nom Screening oder wärend dem Screening an domat vläicht Saachen ze verstoppen hunn. Dat muss ee getrennt loossen tëschent Leit, déi an d’Land kommen, déi eng Gefor sinn an Demandeurs de Protection internationale.”

Der Marion Dubois, Direktesch vun der Passerell asbl, déi jo hei am Land Asyl-Demandeuren an hire Prozedure begleet, feelt et am Text u konkrete Garantien fir déi concernéiert Persounen:
“C’est un texte qui, pour moi, notamment si on parle du filtrage, donne de larges pouvoirs aux autorités, que ce soit la Direction de l’Immigration, la Police Grand -Ducale, et donc encadre juridiquement beaucoup de procédures qui pourront être menées par les autorités, mais en contrepartie, on estime qu’il y a peu de garanties offertes aux personnes qui seront soumises à toutes ces procédures, notamment à celle du filtrage.

Esou Garantie wiere beispillsweis méi kloer Rechter, wéi Asyl-Demandeure gewëssen Ënnersichunge kéinte refuséieren. Positiv gesäit d’Direktesch vun der Passerell asbl allerdéngs, datt d’Delaien vun de Prozeduren ee gutt Stéck solle verkierzt ginn. Dat wier aktuell eng grouss Belaaschtung fir déi Concernéiert.

D’Recours-Prozeduren um Geriicht solle jo och méi séier an effikass gemaach ginn: U sech geséich d’Marion Dubois dat positiv, allerdéngs wier et net gutt, datt d’Delaien fir ee Recours eran ze reechen géife verkierzt ginn. Dat géif den Drock fir d’Asyl-Demandeuren erhéijen, dat well dës jo da manner Zäit kréichen, sech een Affekot oder aner Ënnerstëtzung ze organiséieren. Hei hätt Lëtzebuerg méi restriktiv Delaien am Gesetzesprojet festgehalen, wéi an den EU-Texter gefuerdert.

Dat neit Asylgesetz soll nach viru Juni um Krautmaart gestëmmt ginn an dann a Kraaft trieden.

Back to Top
CIM LOGO