LuxairLëtzebuerger Airline keeft zwou weider Boeing 737-8

RTL Lëtzebuerg
Dat gouf e Freideg am Verwaltungsrot decidéiert. Dës zwou nei Maschinne komme bei zwou Boeing 737-8 dobäi, déi d'Luxair schonn am Mäerz 2023 bestallt huet.

D’Luxair huet, an der Zäit, wou een op déi bestallte Maschinne waart, zwou Boeinge vum selwechten Tipp gelount, dat vum Summer 2023 un a bis 2027.
Dës Fligere géife manner Sprit verbrauchen, hätte méi Plaz fir Passagéier a Bagage a wieren allgemeng méi confortabel a modern, schreift d’Luxair an hirem Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO