D’Nato rëscht nees op. Eng direkt Konsequenz vum russeschen Iwwerfall op d’Ukrain kéint een denken, mä dat ass net de Fall, ënnersträicht de Generol Steve Thull. Schonn zanter dem Amarsch vu Russland a Georgien huet d’Nato hir Strategie changéiert, nees hin zu enger kollektiver Defense. D’Press war en Dënschdeg op den Härebierg invitéiert, fir en Abléck ze ginn, wéi déi lëtzebuergesch Arméi sech opstellt, fir den Ufuerderunge gerecht ze ginn.
Zanter dem Amarsch vu Russland op der Krim an am Donbass 2014 an elo an der Ukrain ass fir d’Nato kloer, datt d’Defense vun den Nato-Länner nees méi an de Fokus réckele muss. Mä net eréischt zanterhier, wéi de Generol Steve Thull betount.
“Et kann een esouguer soen, datt et schonn 2008 ugefaangen huet mam Krich a Georgien. Vun do un ass gemierkt ginn, datt d’Defense en immens wichtege Faktor ass an datt deen erëm eng Kéier méi verstäerkt muss vun allen Nato-Partnerlänner an Ugrëff geholl ginn.”
Nom Zerfall vun der Sowjetunioun an enger Partie rouege Jore verdeedegt Russland nämlech zanter 2008 nees seng Interesse baussent de Grenze vum Land. Och de Krich an der Ukrain acceleréiert de Prozess vun der Oprëschtung. 4 Drone kommen éischter an den Asaz wéi geplangt.
“Mir hu Leit, déi dës Dron sollte vum 1. Januar 2023 u bedéngen. Dofir ass gekuckt ginn, wat kéint gemaach ginn, fir éischter domat prett ze sinn. Schlussendlech hu mer mat eisen hollännesche Partner d’Decisioun geholl, fir vum 1. Juli u prett ze sinn.”
D’Dron ass da reng fir Observatiounszwecker. An der Ukrain wäert se den Ament awer net agesat ginn, well dat als Agrëff vun der Nato ze wäerte wier. D’Uschafe vun der Dron ass dann eent vun den Objektiver, déi d’Nato fir Lëtzebuerg festgehalen hat. E weidert zitt och eng Opstockung vum Personal mat sech.
“Wann ech elo un de Batailloun Belo-Luxembourgeois denken, dee mer à l’horizont 2028 mussen op d’Been stellen, da musse mer kucken, fir nach eng Kéier gutt 120 Leit bis dohinner bäizekréien.”
Déi lëtzebuergesch Arméi besteet graff aus 1.000 Leit. Duerch en neit Militärgesetz, wat um Instanzewee ass, soll d’Arméi och fir weider Karriären opgoen. Doriwwer eraus soll d’Engagement vum Zaldot vun 3 op 4 Joer gehuewe ginn. Dëst well souwuel d’Ausbildung wéi och d’Missioune méi komplex gi wieren.